
D'Inspection du Travail et des Mines an den Aarbechtsministère informéieren a sensibiliséieren en Dënschdeg de ganzen Dag iwwer an der Abtei Neimënster. Den Themendag schreift sech an an d'Campagne vun der Europäescher Agence fir d'Sécherheet an d'Gesondheet op der Aarbecht.
D'Zil misst et sinn, fir eng nach besser Preventiouns-Kultur ze schafen. Un der genereller Approche sollt also weider geschafft ginn, seet den ITM-Direkter Marco Boly: "Haut sinn nach nämlech nach ëmmer an engem reaktiven, curative System".
E proaktiven, präventive System wier déi richteg Optioun.
Do ass ënner anerem de Patron an der Responsabilitéit, dee muss opklären, Mesuren huelen, d'ITM muss iwwerdeems hir Kontrolle maachen. Ma och de Salarié muss op sech oppassen, säin Instinkt spille loossen, Geforen net ignoréieren a responsabel mat Material ëmgoen.
Wat déi konkret Geforen ugeet, bleift zum Beispill Asbest eng Problematik. Och den Effet vu Stëbs géing leider dacks ënnerschat ginn:
"Do ass haaptsächlech de Bâtiment concernéiert. Et wier hei wichteg d'Otemweeër ze schützen. En aneren Domän, an deem et haut heefeg Problemer gëtt, ass den Nettoyage-Secteur, dat wéinst Agents chimiques".
Eng Enquête vun der zoustänneger Agence weist, datt et an Europa an 38% vun de Firmen eng Präsenz vu chemeschen a biologesche Substanze gëtt. Déi gréisste Gefore laueren an der Landwirtschaft, an der Industrie an an der Constructioun. Dës europäesch Constate wieren net 1 zu 1 op de Grand-Duché ze transposéieren, esou de Marco Boly. Präzis Chiffere fir Lëtzebuerg gëtt et net.
Bei den Echangë vun de concernéierten Acteuren en Dënschdeg am Gronn, geet et drëm, fir en Tour d'horizon ze maachen a Pisten opzezeechnen.