
De Regierungschef ass an der traditioneller Ried um och kuerz op de rezenten Tripartite-Accord agaangen. Et wier een d'Defien a Suerge vum Land gemeinsam mat de Sozialpartner ugaangen. De Lëtzebuerger Wee wier dee vum "Mateneen": "Dofir wënschen ech mir op dësem Nationalfeierdag, dass mir all zesummen un engem Strang zéien: fir eng Gesellschaft, an där jidderee sech abrénge kann, fir e Sozialmodell, dee keen am Ree stoe léisst, fir eng Wirtschaft, déi dréint, déi innovativ ass an Aarbechtsplaze schaaft, fir e Liewensmodell, deen d’Limitte vun eisem Planéit respektéiert, fir e Land dat mat senge Partner an der Welt zesummeschafft."
Hie wier houfreg op Lëtzebuerg an och houfreg op den neie Staatschef.
"Mir hu villes, op dat mir kënnen houfreg sinn, an Nationalfeierdag ass e Moment, fir zesummen houfreg ze sinn. Houfreg op dat, wat Generatioune virun eis a mir selwer opgebaut hunn. Houfreg op dat, wat mir haut sinn. Houfreg op dat, wat mir nach kënnen a wëlle ginn. An houfreg och op eisen neie Grand-Duc Guillaume, deen, zesumme mat der Grande-Duchesse Stéphanie, déi éischt Méint vu sengem Règne op eng exemplaresch Manéier eist Land no banne verbonnen a no bausse representéiert huet."
Luc Frieden, Premierminister
Lëtzebuerg wier gutt fir d‘Zukunft opgestallt, dovunner seet sech de Premier iwwerzeegt. Hien hätt Vertrauen an d'Zukunft vum Land an den Nationalfeierdag wier e gudde Moment, "fir un dat ze denken, wat mir gemeinsam hu mat alle Leit, mat deene mir eist Land deelen".