Rettungsdéngschter, Klinicken a Fleegepersonal waren déi lescht Deeg nawell gefuerdert. No enger Woch "Alerte rouge" wéinst der Hëtzt, huet den Haut-commissaire à la protection nationale Guy Bley am RTL-Owesjournal awer en éischter positive Bilan gezunn. D'Leit hätte mat Zäit gehollef kritt, well d'Autoritéite sech och fréi op déi annoncéiert Hëtzt preparéiert hätten. Vum 17. Juni un. D'Rettungsequippe goufe grad mat Bléck op Nationalfeierdag verstäerkt, dat mat Ambulanze vun der Arméi, dem Roude Kräiz an aus dem Privatsecteur.
Wann an Zukunft méi dacks sou Hëtztwelle kommen, si mer do net awer un der Limitt? Déi Fro krut de Guy Bley gestallt. Den Haut-commissaire huet geäntwert, datt een effektiv gesinn hätt, datt d'Limitte séier erreecht kënne ginn, well ee ganz vill Moyene géif brauchen. De CGDIS hätt awer all seng Ressourcen, all Ambulanze mobiliséiert, fir all Noutfäll entgéinthuelen ze kënnen. Ënnerstëtzung aus dem Ausland, déi fir Nationalfeierdag vun de Lëtzebuerger Autoritéiten ugefrot gi war, gouf um Enn net gebraucht.
Déi lescht Woch gouf et mat Amenter Tensiounen an de Klinicken. Besonnesch am Süden vum Land. De Weekend hätt sech d'Lag awer nees berouegt. Ob et zu Lëtzebuerg eng Iwwerstierflechkeet gouf, déi op d'Hëtzt zréckzeféieren ass, géif een haut nach net gesinn, huet de Guy Bley am Interview mam Raphaëlle Dickes erkläert. Dat géif een déi nächst Deeg un Hand vun den Doudeschäiner gesinn.
D'Iwwerstierflechkeet wier op alle Fall ëmmer déi gréissten Angscht bei enger Canicule.
An den nächste Woche gëtt dann de Bilan gemaach, wéi gutt d'Ëmsetzung vum "Plan canicule" geklappt huet a wat ee fir Zukunft nach verbessere misst. Zum Beispill an de Schoulen oder mat eenheetleche Reegele fir d'Aarbecht dobaussen.
De Guy Bley huet de Bierger a Biergerinnen och explizitt "Merci" gesot, datt si sech un d'Recommandatioune vun den Autoritéite gehalen hunn an op sech opgepasst hunn. Dat hätt dozou gefouert, datt et net zu Enkpäss komm wier.
Mat 38,2 Grad um Findel an 41,4 zu Réimech hu mer zu Lëtzebuerg aussergewéinlech Deeg hannert eis. Jiddereen hat mat dësen aussergewéinleche Wiederkonditiounen ze kämpfen, virop awer eeler a vulnerabel Leit. Ma och d'Gesondheetspersonal an d'Rettungsdéngschter waren dauerhaft gefuerdert. De Jeannot Ries mat engem Bilan vun der leschter Woch.