De Weibëschof am Interview"Mir kënnen net de Fransousen d’Show stielen", sou de Leo Wagner

Dany Rasqué
E Méindeg fueren zwee Doppeldecker-Busse vu Lëtzebuerg op Metz. D'Kathoulesch Kierch hätt duerch hir gutt bilateral Relatioune mam Pilgerbüro vun do 150 Plazen "ergattert".
Interview mam Weibëschof Leo Wagener
Keng Beméiungen, de Leo de 14. op Lëtzebuerg ze kréien.

De Poopst Leo de XIV. war e Freideg zu Paräis, e Méindeg ass en zu Metz. De Chef vun der kathoulescher Kierch ass domadder net wäit vu Lëtzebuerg ewech, mä et goufe keng Beméiungen, hien och an der Grand-Duché ze kréien.

"Mir kënnen net de Fransousen, wann der esou wëllt, d'Show stielen", sot de Weibëschof Leo Wagner um Freideg den Owend um Plateau vun Tëlee Lëtzebuerg. Hie war Invité am Journal op der Tëlee.

De Kardinol Hollerich hat de Poopst-Besuch zu Metz e wichtegt Symbol genannt, de Leo Wagner gëtt him do ganz Recht. D'Visitt wier fir d'Lorraine eng ganz grouss Auszeechnung, grad well et eng Metropol wier, déi an der Vergaangenheet éischter duerch Krich tëschent Däitschen a Fransousen opgefall wier. An den Ae vum Weibëschof ass et dofir eng ideal Plaz, wou de Poopst e Message vu Fridde kéint ginn.

De Leo Wagner präziséiert och, datt e Méindeg zwee Doppeldecker-Bussen op Metz fueren. D'Kathoulesch Kierch hätt duerch hir gutt bilateral Relatioune mam Pilgerbüro vun do 150 Plazen "ergattert". D'Leit kéinten zwar net an d'Kathedral, mä se géifen awer Accès direkt ronderëm d'Kathedral kréien, wou se d'Mass vu ganz no kéinte suivéieren.

Déi Leit déi keng vun deenen 150 Plaze kruten kënnen d'Visitt vum Hellege Stull e Méindeg de ganzen Dag hei op RTL suivéieren. Mir sinn op all eise Plattformen live mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO