De Poopst zu MetzRTL begleet d’Visitt de ganzen Dag live

Jeff Spielmann
E Méindeg ass de Poopst zu Metz als lescht Etapp vun der grousser Frankräich-Rees – an RTL ass bei de wichtegsten Etappe vu sengem Besuch live dobäi.
Eng Foto vum Poopst am Papamobil vun November 2025.
© Marc Schoentgen

E Méindeg ass de Poopst zu Metz als lescht Etapp vun der grousser Frankräich-Rees – an RTL ass bei de wichtegsten Etappe vu sengem Besuch live dobäi. Vun der Arrivée moies um Fluchhafe bis bei den Tour mam Papamobil an d’Mass an der Kathedral Saint-Étienne: RTL Télé iwwerdréit live, an och op rtl.lu an op RTL Radio si der de ganzen Dag iwwer iwwert de Besuch vum Poopst informéiert.

Live vun der Arrivée um Fluchhafen bis bei d'Mass an der Kathedral

Lass geet et moies um 9:20 Auer mat der Arrivée vum Poopst um Fluchhafen zu Metz. Dono geet et fir en éischten Deel vun der Visitt an den Centre de Conférences Robert Schuman.

Um 14:30 Auer steet den nächste grousse Moment um Programm: de Poopst mécht en Tour mam Papamobil duerch Metz. Uschléissend ass d’Mass an der Kathedral Saint-Étienne geplangt. D'Live-Iwwerdroung gëtt vum Roy Grotz an dem Weibëschof Leo Wagener kommentéiert.

D’Evenementer kënnen net nëmmen op RTL Télé suivéiert ginn, ma och um Radio schalte mer reegelméisseg op Metz fir d'Ambiance z'iwwermëttelen. An natierlech fannt dir vill Informatiounen, Videoen a Fotoen de ganzen Dag iwwer op rtl.lu.

RTL Spezial: „De Poopst op Besuch zu Metz“ – e Méindeg live op RTL, rtl.lu an um Radio.

Back to Top
CIM LOGO