D'Gesetz ass gestëmmt. De Fong besteet a mir mussen elo kucken eng Léisung ze fannen, wéi e gutt funktionéiert a wéi mer d'Leit vun de Kierchefabrécken zesummenzekréien, am Interêt vun der kathoulescher Kierch. Dat sot um Méindeg de Moien den Norbert Haupert bei eis op der Antenn.
De laangjäregen CSV-Deputéierten a fréiere President vun der Monnerecher Kierchefabréck ass zanter dem 1. Mee den éischte President vum neie Kierchefong, deen elo fir d'Gestioun vun der Kierch hire Gidder verantwortlech ass. Senger Meenung no, wier et Zäit ginn d'Kierchefabrécken ze moderniséieren. Verschiddener hätte guer keng Comptabilitéit gehat. De Fong wier elo do fir de ganze Patrimoine vun der Kierch ze verwalten, als dezentraalt Instrument. Déi kommunal Kierchefabrécken, déi fir déi lokal Gestioun zoustänneg sinn solle bis Enn des Mounts besat ginn. Zu Monnerech beispillsweis hu sech duerfir nei Leit fonnt. 3-4 Memberen vun der lokaler Kierchefabréck hätten manner wéi 55 Joer. Den Norbert Haupert huet an deem Kontext vun enger Verjéngung geschwat, déi gutt fir d'Kierch wier.
D'Positioun vum Syfel huet de President vum Kierchefong um Méindeg de Moien defensiv genannt. D'Argumenter vum Syndikat vun de Kierchefabrécken kann den Nobert Haupert net onbedéngt nozevollzéien. D'Plainte fir Schuedenersatz géif virun allem Geld kaschten a wuel näischt bréngen, sou de President vum Fong. Datt 41 Kierchefabrécken gär 40 Milliounen Schuedenersatz vum Staat hätten well se sech enteegent spieren, kann den Norbert Haupert net richteg verstoen. De Staat hätt déi Gidder jo net kritt, si wieren jo awer an de Fong vun der kathoulescher Kierch gaangen.
Virun allem wier et elo wichteg gewiescht, datt de Fong mat senger Aarbecht ufänkt. Wann näischt nom Vott vum Gesetz geschitt wier, da wier alles an engem juristesche Flou. Dann hätt keng Kierch méi richteg funktionéiere kënnen, sou eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun war um Méindeg de Moien de President vum neie Kierchefong.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren