D’Michelle ass 23 Joer al a lieft zënter 6 Joer op der Strooss. Mir begéine si op der Theaterplaz. Hir Kollege wëllen net, dass mir Zitat “bei hinnen an der Kummer” filmen. Trotzdeem ass déi jonk Fra bereet, virun der Kamera ze temoignéieren.
Scho virun de Feierdeeg hätte Polizisten hinnen erkläert, dass et mam Heesche geschwënn eriwwer wier. An zënter Ufank vum Joer wär d’Police effektiv méi streng wéi soss: “Elo beim Heeschen ass et mer net opgefall. Also wann ech do souz, do hunn ech keng Problemer gehat. D’Kolleegen hu mir erzielt, dass se effektiv Problemer haten. Mir fält just zimmlech op owes, wou mer schlofen, dass dann ëfters d’Police kënnt, dass mer réckele mussen an dat war virdrun net esou. Mir ginn iwwerall gedämmt. Fir eis kënnt et esou eriwwer d’Haaptsaach: Mir si fort an da si mer net méi hire Problem. Esou kënnt et fir eis eriwwer.”
Egal mat wiem mir geschwat hunn: D’Onsécherheet ënnert de Sans-Abrisen am Moment ass grouss. Si spieren engersäits, dass se an der Uewerstad net méi erwënscht sinn.
Mee si vermëssen op der anerer Säit alternativ Léisungen, a kloer Reegelen:“Dass ee mol kloer ka liesen: Wat, wéi wou, wat dierfe mer nach, wat dierfe mer net a wou kann een hin, dass mer eng Alternativ hunn, well et ass einfach eng Léisung ze hunn, fir dat eent, mee da muss een och eng Léisung hu fir dat anert. Well soss huet een den nämmlechte Problem op enger anerer Plaz. An da muss een dorëm nieft iergendwann no véier, fënnef Joer agräifen an dat ass da Pabeierkrom fir näischt eigentlech.”
Op den éischte Bléck schéint et genuch Alternativen an Hëllefsmesuren ze ginn. D’Michelle erkläert mir, dass si fir verschidden Hëllefsprogrammer ze jonk ass, an hire Frënd fir aner Mesuren ze al ass. Esou bleiwen si als Koppel léiwer op der Strooss. Ronderëm d’Auer.
Esouguer Schlofen an der Wanteraktioun ass fir d’Michelle a seng Kolleegen keng Optioun: “Mir wëllen och vläicht, déi eng si e bësse méi propper, déi aner si wierklech zimmlech ruppeg. Do wëll een net wierklech mat jiddwerengem eppes ze dinn hunn. An da sinn nach déi eng, déi wierklech schwéier drogenofhängeg sinn, déi wierklech op guer näischt méi kucken an dat ass fir munch anerer guer net méi esou angeneem an dat ass grad op esou Plazen halt zimmlech am meeschten do. An do halen ech mech zum Beispill wäit ewech.”
Dass Dag fir Dag Heescherte mat engem Becher an der Groussgaass sëtzen - quasi viru senger Dier - dat stéiert de Carlo Keller net wierklech. Och dass de Couloir viru sengem Buttek mëttlerweil eng beléifte Schlofplaz ass, kann hien nach iergendwéi akzeptéieren.
Mee et gëtt eppes, iwwert dat sech dëse Stater Geschäftsmann zënter Joren opreegt:“Wa se mueres fortginn, dann ass heiansdo op Lëtzebuerg gesot “eng Sauerei”, dat ka kee sech virstellen. Et sinn der, déi hunn alt widder eis Fënstere gepinkelt, déi aner, ech weess net, wat se maachen, si schmieren d’Fënsteren. E Samschdeg de Mueres, do sinn eis zwou Vendeuse komm, déi hu 40 Minutte gebraucht, fir dee ganze Couloir ze wäschen, an dat fannen ech net an der Rei.”
Hie weist mir Fotoen, wéi eng hallef Dose Leit am Couloir schlofen, wéi knaschteg seng Vitrinnen hannerlooss ginn, an hien erzielt mir, dass hien a säi Personal och schonn agresséiert goufen, wa se dann emol eppes gesot hunn. D’Diskussioun ronderëm d’Heescheverbuet huet hien intensiv suivéiert.
E Verbuet, wat a sengen Ae laanscht den eigentleche Problem geet:“D’Heescheverbuet ass schonn net schlecht, dass et komm ass an engem Sënn, mee dat ännert un eiser Situatioun iwwerhaapt näischt. Wéi ech gesot hunn, déi Leit, déi am Dag dorëmmer sëtzen, mat de Becheren, hunn et kee Problem, mee owes dat. Owes no, 7, 8 Auer, wou de Knascht ugeet, do muss eppes ënnerholl ginn!”
Kloertext: Heeschen: Belästegung oder Mënscherecht? (11.1.24)