Mouvement Ecologique"Mir sinn all enger chronescher Belaaschtung vu Pestiziden ausgesat"

Claudia Kollwelter
Dat beklot de Mouvement Ecologique a fuerdert de Staat a virun allem och de Gesondheetsministère op ze agéieren.
Mouvement Ecologique kritiséiert d'Pestizide-Belaaschtung
Lëtzebuerg hätt zwar en Aktiounsplang, wat d’Pestizide betrëfft - dee géif awer ze wënschen iwwreg loossen, gëtt bedauert.

Op enger Pressekonferenz huet de MouvEco de Mëttwoch de Moien Analyse presentéiert, déi weisen, datt jiddereen de Belaaschtunge konstant ausgesat ass. 11 Persounen aus dem gesellschaftspolitesche Liewen hu sech bereet erkläert, hir Analyse public ze maachen.

Dorënner de Museker Serge Tonnar, de Schrëftsteller Jemp Schuster oder och nach de President vun der ULC, den Nico Hoffmann. Och de Roger Dammé, Bio-Beienziichter, huet Stëbs-Analyse bei sech doheem maache gelooss.

An deem Stëbs sinn an der Moyenne 6 bis 7 Substanze fonnt ginn an deelweis bei Leit, déi an enger Stad wunnen oder wäit vu Felder oder Kulturen ewech, wat also beleet, datt Pestiziden iwwer d’Loft relativ wäit iwwerdroe ginn.

Och wann déi 11 Prouwe vläicht net wëssenschaftlech representativ wieren, wieren déi heefegst Substanzen déi nämmlecht, déi och bei Analyse vu Liewensmëttel vum Service de Securité alimentaire fonnt goufen.

Et ass also eng Linn do. An wann een déi Substanz kuckt, déi am heefegste fonnt ginn ass, dat ass eng, déi bei Gromperen an Drauwen ugewannt gëtt, e Fungizid. Wann ee weess, datt Drauwen a Gromperen déi zwou Kulture sinn, déi am meeschten hei am Land behandelt ginn, ass dat och an der Linn vun deem, wat logesch ass a wat een doheem erëmfënnt.

Lëtzebuerg hätt zwar en Aktiounsplang, wat d’Pestizide betrëfft - dee géif awer ze wënschen iwwreg loossen, bedauert de Mouvement Ecologique. Et wéisst een absolut net, wou dee Plang dru wier. Trotz dëse Resultater an och scho viregten Analyse vu Liewensmëttel, dem Grondwaasser oder Pestiziden an den Hoer vu Kanner wier d’Santé weider inaktiv a géif der Saach nokucken. Et misst ee sech froen, ob vum Ministère senger Säit einfach net gewollt wier, méi ze maachen, huet de Roger Dammé nach betount.

© Luc Rollmann

Back to Top
CIM LOGO