Froestonn an der ChamberMobilitéit, Elektro-Trottinetten an d'Walgesetz

Claudia Kollwelter
D'Mobilitéit war direkt an e puer Facetten Thema an der ëffentlecher Sëtzung an der Chamber.
VIDEO: Froestonn an der Chamber: Mobilitéit, Elektro-Trottinetten
D'Mobilitéit war direkt an e puer Facetten Thema an der ëffentlecher Sëtzung an der Chamber.

An der Froestonn ass et engersäits ëm déidlech Accidenter gaangen, déi op Beem zréck ze féiere sinn. D'CSV Deputéiert Martine Hansen wollt vum Minister fir Mobilitéit, François Bausch wëssen op een op verschiddenen Strécken net envisagéiere kéint Hecken amplaz vu Beem ze planzen:

De François Bausch iwwert Beem

Wat de Bau vun neie Stroossen ugeet, missten d'Beem den néidegen Ofstand hunn oder awer Leitplanken opgestallt ginn.

En anere Sujet waren dann d'Elektro-Trottinetten an de Faite, datt dës explizit vun de steierlechen Abattementen ausgeschloss ginn. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet dem DP Deputéierte Max Hahn an hirer Äntwert erkläert, datt et e gudde Grond gëtt, wisou et am Moment déi Subsiden nach net ginn: an zwar d'Sécherheet vun den Elektro-Trottinetten. Déi meescht wieren nach net konform, wieren net richteg mat Luuchten, 2 Bremsen oder Reflekteren equipéiert. Wann dat bis de Fall wier, de Marché prett wier, dann kéint een iwwert dee Schrëtt nodenken, sot d'Ëmweltministesch.

Och de gratis ëffentlechen Transport war Sujet um Krautmaart. Den CSV Deputéierte Marco Schank huet d'Manéier wéi dës Moossnam verkaf gouf, kritiséiert:

Kritik vum Marco Schank (CSV)

Den "Adapto" gëtt vum 1. Mäerz 2020 un gratis fir déi Leit, déi e bis ewell domat transportéiere loosse, fir op d'Aarbecht ze kommen an dofir en Abonnement bezuelen. Déi aner allerdéngs net, wëll ee soss en "Door-to-Door-Service" och gratis géing maachen. Dat huet de Minister fir den Transport François Bausch dem Marco Schank geäntwert, a betount, datt et absolut eng sozial Mesure wier, wëll se jo iwwer Steiere finanzéiert géing ginn. Donieft huet de Minister zouginn, datt d'Kommunikatioun bei der CFL e grousse Schwaachpunkt war an ugekënnegt, datt et op deem Punkt grouss Ännerunge wäerte ginn.

Eng grouss Eestëmmegkeet gouf et en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber iwwert de Projet de Loi iwwer eng punktuell Ofännerung vum Walgesetz wat d'Kapitel iwwert d'Finanzement vun de Walcampagnen ugeet.

Walgesetz an der Chamber - Reportage Claudia Kollwelter

D'Nationalwalen an d'Europawale gi getrennt vunenee gekuckt an doduerch sinn an Zukunft 2 Dotatioune virgesinn. Eng fir d'National- an eng fir d'Europawalen. Domat mussen d'Parteien net weider fir déi 2 Wale komplett Lëschten hunn, déi 2 Wale gi getrennt vunenee gekuckt. Wat d'Nationalwale betrëfft, kënnen d'Parteien nëmmen op den Deel Remboursement zréck gräife wann si komplett Lëschten an all de Walbezierker presentéieren an wann si op d'mannst 1 Sëtz an der Chamber kréien. A Punkto Europawale gëllt d'Dotatioun nëmme wann et d'Partei eng komplett Lëscht vu Kandidaten deposéiert a wann se op d'mannst 5% vun de Stëmme kréien.

Back to Top
CIM LOGO