
E Méinden hu sech am spéide Nomëtteg zwee Männer bei der Police gemellt, well si an der Stater Rue St. Ulric vu véier Jugendlechen iwwerfall gi waren. Déi Jonk wieren op si duerkomm an hätten no enger Zigarett gefrot. Een huet dobäi probéiert, engem vun den Affer säi Rucksak ze klauen, mee de Mann huet sech gewiert. Doropshin huet ee vun deene Jonken d’Männer mat engem Messer bedreet. D’Affer goufe vun deene véier Jonke geschloen a krut hir Wäertsaachen ofgeholl. Eng Sich no den Täter huet näischt bruecht.
Zu Diddeleng krut dann owes ee Jugendleche vun anere Jonken op enger Bushaltestell an der Géigend vun der Gare eng Kette vum Hals gerappt. Och hei ass d’Sich negativ ausgefall. A béide Fäll goufen Ënnersichungen an d’Weeër geleet.
Zu Péiteng gouf der Police eng alkoholiséiert Persoun gemellt, déi an engem Café an der Route de Luxembourg aner Cliente belästege géing. Wéinst sengem aggressive Verhale gouf de Mann an d’Ausniichterungszell bruecht.