Tëscht Zowaasch an NidderkuerMotocyclist no Accident mat Wëllschwäin liewensgeféierlech verwonnt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie koum et um CR176, tëscht Zowaasch an Nidderkuer, zu engem schroen Accident mat engem Wëllschwäin.

E Motocyclist war op der riichter Streck ënnerwee, wéi d'Déier iwwer d'Strooss gelaf ass. De Chauffer wollt nach auswäichen, krut d'Wëllschwäin awer ze paken.

D'Kollisioun war därmoossen hefteg, dass de Motocyclist iwwert d'Fuerbunn geschleidert gouf. D'Maschinn ass am Gruef gelant.

D'Déifferdenger Strooss war fir ronn 30 Minutte fir den Trafic gespaart. De Mann koum liewensgeféierlech blesséiert an d'Spidol.

Op der Plaz waren d'Ambulanz Esch, de Samu Sud, esou wéi d'Asazzenter vun Esch, Käerjeng, Suessem an Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO