
E Motocyclist war hei vu Schwéidsbeng aus a Richtung Wëntreng ënnerwee. Op der Héicht vun der Strooss Am Heenz krut dësen eng metalle Barrière ze paken an ass gefall. Dobäi gouf de Motosfuerer uerg blesséiert.
Nodeems hien op der Plaz medezinesch versuergt gouf, koum hien an d’Spidol, wou hien dann e Méindeg de Moien u senge schlëmme Blessure gestuerwen ass.
D’Spueresécherung vun der Police gouf elo beoptraagt, de geneeën Oflaf vum Accident ze klären.