MediekommissiounNach ëmmer Onkloerheeten iwwer d'Zukunft vum 100,7

Claudia Kollwelter
Den ëffentlech-rechtleche Radio war um Méindeg op Nofro vun der CSV an déi Lénk, Sujet an der Mediekommissioun an der Chamber

Der Oppositioun huet et och no der Sëtzung un Äntwerten op hir Froen gefeelt, allerdéngs huet den zoustännege Minister Xavier Bettel en Hearing proposéiert.

Zukunft 100,7/Reportage Claudia Kollwelter

An dat zesumme mat der European Broadcast Unioun, kuerz EBU, déi Bedenken iwwer d'Gouvernance an de Finanzement vum staatleche Radiosender huet. Den Xavier Bettel schléisst näischt aus. Hie wier oppe fir all Diskussioun, fir ee, wéi vun der Redaktioun gewënscht, onofhängege Radio ze hunn, deen net vun der Politik decidéiert gëtt.

Dem Marc Baum vun déi Lénk no goufen et eng ganz Partie Onstëmmegkeeten an den Aussoe vum Minister, zum Beispill wat d'Demissioun vun der Virgängerin vum President vum Verwaltungsrot ugeet. Hien hätt engersäits vun engem natierleche Prozess geschwat, an engem Niewesaz virdrun hätt en awer duerchblécke gelooss, dat en net zefridde war mat hirer Aarbecht.

Fir den CSV-Deputéierten Claude Wiseler muss en Debat iwwert d'Plaz vun engem ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg gefouert ginn. Esou e Radio misst d'Garantie vun enger Onofhängegkeet vun der Politik hunn. Och d'Nominatiounspolitik vun der Regierung oder d'Aart a Weis vun der Finanzéierung missten dem Radio esou eng Independenz ginn.

Nach ass net kloer, ob et een Debat iwwert Télé a Radio wäert ginn oder ob déi Zwee vunenee getrennt sollen debattéiert ginn. Um Donneschdeg ass iwwregens den Delai fir d'Kandidature fir de Poste vum neien Generaldirekter vum 100,7.

Back to Top
CIM LOGO