Claude MeischNach kee Site fir nei Schoul nom Modell vum Lycée Ermesinde

RTL Lëtzebuerg
Et wier nach verfréit fir potentiell Sitten ze nennen, sou den Educatiounsminister Claude Meisch a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro.
© RTL-Archiv

Eng Schoul nom Modell vum Lycée Ermesinde zu Miersch och am Minett - dat versprécht de Koalitiounsaccord, fir esou d'schoulesch Offer duerch innovativ pädagogesch Konzepter ze dynamiséieren.

Op Basis vun deem Engagement vun der Dräier-Koalitioun, wollt den Diddelenger Député-Maire Dan Biancalana an enger parlamentarescher Fro un den Educatiounsminister wëssen, wou dee Lycée da soll gebaut ginn.

Mä de Claude Meisch gëtt a senger Äntwert net méi konkret a seet, datt et nach verfréit wier, fir potentiell Sitten ze nennen. D'Regierung hätt jo och u sech bis 2023 Zäit ginn, fir esou e weidere Lycée-Pilote ze plangen an ëmzesetzen - an dat wier eben am Minett de Fall; och well am Süden géif e reelle Besoin fir esou eng pädagogesch Offer bestoen.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO