Dofir gëtt déi al Schoul nieft der Kierch ewechgerappt. Eppes wougéint sech bal Hallschent vum Duerf viru Geriicht wiert. Rezent hate si e provisoresche Baustopp ugefrot, ma d’Verwaltungsgeriicht huet dat verworf. De Bagger dierft also deemnächst rullen Déi al Schoul op der Schanz muss domat deemnächst Plaz maache fir 4 Sozialwunnengen. D‘Gebai kënnt vertikal zu der Strooss stoen, e klenge Wee laanscht d‘Kierch bleift fräi a mécht domat e Wee fir direkt hannen op d‘Spillplaz. Déi géif vergréissert. Ausserdeem plangt Gemeng eng Sportplaz mat Basketskierf a Goler fir Fussball ze spillen.
Déi al Schoul ass net klasséiert, ma trotzdeem stéisst d’Noriicht se ofzerappe bei 106 Bierger op Widderstand. Offiziell wollt weder den Organisateur vun der Plainte nach den Affekot an den Interview, ma dat rezent Urteel vum Verwaltungsgeriicht nennt e puer Argumenter.
Doran ass beispillsweis ze liesen, déi nei Logementer géifen net an historeschen Duerfcharakter passen. Ausserdeem géif duerch dat neit Gebai d‘Vue gestéiert ginn, esou dass d‘Haiser ronderëm devaloriséiert géifen. Dem Duerf géif och eng Plaz geholl gi, wou reegelméisseg Duerffester gefeiert géifen. D‘Logementer wiere besser un de Bord vum Duerf gebaut ginn.
All dat huet d‘Verwaltungsgeriicht awer net gëlle gelooss, an d’Argumenter als deelweis „egoistesch“ titeléiert. Wat den historeschen Duerfcharakter ugeet, dee bestéing zu Altréier souwisou net méi, vu dass schonn eng Rëtsch ganz modern Gebaier ronderëm stinn. D‘Argumentatioun wier och widderspréchlech: Engersäits géifen d‘Bierger d‘Plaz angeblech als Festplaz benotzen, anerersäits géifen se der Gemeng reprochéieren, duerch de Bau vun de Wunnengen d’Rou vum Kierfecht méi wäit hannert dem Terrain net ze respektéieren.
Op enger Biergerversammlung 2021 waren ënnert anerem och Suerge par Rapport zu den neien Nopere formuléiert ginn. Deem wëllen d‘Gemeng an d’AIS (Agence immoblilière Sociale) entgéint wierken. Et wiere Leit aus der Gemeng oder aus dem Office Social vu Beefort, erkläert déi nei Buergermeeschtesch Jill Goeres. „Ech freeë mech op déi Familljen!“. Si wëllt elo no vir kucken. E Méindeg de Moien huet si e Bréif vun de Bierger krut, a versprécht eng Entrevue. Am Gespréich betount och de Gilles Hempel, Direkter vun der AIS. (Agence Immobilière Sociale). De Logementsproblem géif nun emol net just Ex-Prisonéier oder Drogenofhängeger betreffen. Do géif et a verschiddenen Deeler vun der Gesellschaft wuel falsch Virurteeler.
Et wier een nach ni op esou e Widderstand gestouss wéi op der Schanz, erzielt de Gilles Hempel. Am Ufank hätt ee wëllen 12 Logementer bauen, wéi dunn aus dem Duerf Géigewand koum, wier ee progressiv erofgaangen op 10, 6 a schliisslech op 4. „Dat ass och eis Limite“. 5 Joer gëtt elo geplangt. Dat louch deelweis un de Bierger: Bei all neier Versioun missten och erëm nei Pläng gezeechent ginn. Ausserdeem missten archeologesch Fouille gemaach ginn, an e Stroumkabel vun der Creos misst verluecht ginn. Alles an allem hätten déi zousätzlech Aarbechten eng 200 000 Euro kascht, dovunner 30 000 Euro Geriichtskäschten.
Käschten huet och d‘Gemeng, an déi gi mat de Sue vun de Leit bezuelt, preziséiert d‘Buergermeeschtesch. „Mir sinn do bei enger Zomm vun 20.000 bis 40.000 Euro. Déi Suen hätte mir als Gemeng och gäre fir aner Projet‘e benotzt.“
Ofgeschloss ass d‘Affär op der Schanz nach net, um Verwaltungsgeriicht lafe weider Recourse géint d‘Gemeng an d‘AIS. Ma béid sinn optimistesch, dass d‘Logementer 2026 fäerdeg ginn. Sollten d‘Bierger Recht kréien, kéinte si héchstens Schuedenersatz froen. Ofgerappt géing awer näischt.