
Dat huet de Mobilitéitsminister François Bausch a senger Äntwert op zwou parlamentaresch Froen vun der LSAP an vun der ADR confirméiert.
Scho bei der Theorie weist sech, dass eleng déi lescht 2 Joer däitlech méi Leit duerchgefall sinn wéi an de Jore virdrun. Zejoert hunn 27,2 Prozent vun de Kandidaten den Examen iwwert de Code de la Route net gepackt. Dat ass mat Ofstand den héchsten Taux d’échec an de leschten 10 Joer. Am Verglach: 2013 louch ee bei 10,3 Prozent a bis 2020 louch den Taux och ëmmer däitlech ënner 20 Prozent.
Beim prakteschen Deel vum Führerschäinsexamen weist sech e nach méi schlecht Bild, well nach ni sinn esouvill Leit duerchgefall wéi zejoert. 2022 hu just 47,5 Prozent vun de Kandidaten, déi sech dem Examen gestallt hunn, duerno och e Führerschäin an der Täsch gehat. 2021 waren et 48,9 Prozent. Ma déi lescht 10 Joer louch den Taux de réussite ëmmer iwwer 50 Prozent.
Dozou, firwat esouvill Leit duerchfale ginn et allerdéngs keng detailléiert Statistiken, präziséiert den Transportminister. Entweder géingen d’Leit direkt duerch eng Zort “faute grave”, och nach “faute éliminatoire” genannt, duerchfalen. Dat ass zum Beispill wann een duerch eng rout Luucht fiert oder eng Virfaart net respektéiert. Oder et géing een duerchfalen duerch e Cumul un Feeler.
Fuerstonnen am Verglach
Wéi vill Fuerstonnen e Fuerschüler am Schnëtt gemaach huet, iert en an den Exame geet, weess de Minister net, well d’Fuerschoulen dat zanter 2013 net méi mussen uginn.
Hei am Land muss een iwwregens 16 Fuerstonnen maachen, iert ee fir den Examen zougelooss gëtt. A Frankräich sinn et minimum 20 Fuerstonnen. An der Belsch 20 Fuerstonnen mam Stage an 30 Fuerstonnen ouni Stage. An an Däitschland 12 Stonnen als sougenannt Sonderfahrten an duerno nach esouvill normal Fuerstonnen wéi de Fahrlehrer mengt, dass ee bräicht.
D’Conduite accompagnée ass déi lescht 10 Joer och liicht an d’Luucht gaangen. 2013 louch den Taux bei 33,3 Prozent. 2022 bei 37,2 Prozent.
Reform vun der Führerschäin-Direktiv an Aussicht
D’Critèren fir d’Führerschäinsausbildung géinge gréisstendeels aus enger europäescher Direktiv kommen. De François Bausch präziséiert dann och, op d’Nofro vun den Deputéierten, dass fir de Mäerz eng Reform vun der Direktiv geplangt ass. An dem Kontext géing och iwwer d’Zuel vun de obligatoresche Fuerstonnen diskutéiert ginn.