A400MNächst Joer kritt Lëtzebuerg säi Militärfliger

RTL Lëtzebuerg
D'nächst Joer wäert Lëtzebuerg säi Militärfliger A400M kréien, deen eis Arméi gemeinsam mat der Belsch bedreift.
Klickt op d'Foto, fir bei eng A400M-Galerie (vun der Show um Le Bourget) vum Steve Müller ze kommen.
Klickt op d'Foto, fir bei eng A400M-Galerie (vun der Show um Le Bourget) vum Steve Müller ze kommen.
© Steve Müller (Archiv)

Dat schreift de Verdeedegungsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm.

Virun 3 Wochen huet d'Regierung fir d'Acquisitioun ronn 156 Milliounen Euro transferéiert. Et bleiwen nach eppes iwwer 12,5 Milliounen ze iwwerweisen.

D'TVA an Héicht vu knapp 29 Millioune geet un de Lëtzebuerger Staat.

Derbäi komme knapp 6,3 Milliounen Euro fir d'Formatioun vu 4 Piloten. Mëttelfristeg sollen et 6 Pilote ginn.

Maintenance- Exploitatiounsfraise bleiwe wéi geplangt héchstwahrscheinlech bei 420 Milliounen Euro fir eng Liewensdauer vu ronn 35 Joer.

PDF: Dem François Bausch seng Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Diane Adehm

Back to Top
CIM LOGO