
Ee vun de Sujete wäert dobäi den Index sinn. Den OGBL hat en Donneschdeg scho signaliséiert, dass ee sech kategoresch géint all Manipulatioun wäert wieren. D’CGFP hat jo schonn annoncéiert, datt ee géif fäerten, datt d’Regierung den Index manipuléier wéilt. Dëst wäert awer ee vun de groussen Diskussiounspunkte sinn. De Weltwärungsfong hat jo rezent geschriwwen, Lëtzebuerg sollt wéinst der aktueller Kris just eng Indextranche pro Joer ausbezuelen, dofir awer vulnerabel Leit méi ënnerstëtzten. Änlech wéi de Weltwärungsfong gesäit et och d’ABBL, déi fuerderen, datt et just eng Indextranche pro Joer sollt ginn. Dofir huet d’Bankenassociatioun awer Versteesdemech, datt ee kuerzfristeg misst géint d’Hausse vum Pëtrol an anere Produite virgoen.
D’Handwierkerfederatioun schwätzt sech dofir aus, datt nëmmen eng Indextranche dëst Joer soll falen an datt geziilte Secteuren entlaascht ginn. Dat wier machbar, schreift d’Federation des artisans an engem Communiqué, no enger ausseruerdentlecher Generalversammlung. Kleng- a mëttelstänneg Betriber wieren den Ament ënnert enormen Drock. No der Pandemie an der staarker Präishausse vu Matière première géingen elo déi héich Energiepräisser Problemer maachen.
D’Handwierkerfederatioun warnt iwwerdeems, datt dräi Indextranchen hannerteneen d’Lounschéier weider géing auserneendrécken an domat och en negativen Impakt op d’sozial Kohesioun kéinten hunn.
E weidere wichtege Punkt an den Diskussiounen wäert d’Inflatioun sinn, déi aktuell bei 5,5 Prozent läit an duerch de Krich an der Ukrain nach weider unzéie kéint.