Wéinst dem Krich an der Ukrain an der aktueller Präisexplosioun huet d'Regierung e Mëttwoch decidéiert, d’Tripartite éischter anzeberuffe wéi geplangt.

D'Sozialpartner solle sech net eréischt am Juli mä schonn virun Ouschtere gesinn, esou den LSAP-Wirtschaftsminister um Donneschdeg de Moien am RTL-Interview. D'Situatioun géif verlaangen, datt ee sech vill méi séier gesäit, sou de Franz Fayot.

Och de Premier Xavier Bettel huet d'Info vun der virgezunner Tripartite an de soziale Medie bestätegt.

Tweet Bettel

Wann  et eng Kéier derwäert war, d'Kriseninstrument vun der Tripartite anzeberuffen, dann ass et elo, seet de grénge Vizepremier François Bausch. Mat de Gewerkschaften an dem Patronat misst iwwer alles geschwat ginn. Et misst ee verhënneren, am international komplizéierte Kontext an eng Rezessioun ze rëtschen. Fir de François Bausch sollt een och a Richtung goe vun engem groussen antizykleschen Investitiounsprogramm, fir déi erneierbar Energien ze fërderen. Et hätt een nach ni méi kloer gesi wéi haut, datt mer aus der Ofhängegkeet vun de fossillen Energien eraus mussen.

Den LCGB begréisst, dass d‘Regierung eng Tripartite aberifft. D'Gewerkschaft fuerdert allerdéngs am Virfeld scho konkret Mesuren. E sozialen Tsunami misst evitéiert ginn, esou den Nationalpresident vum LCGB Patrick Dury. Mir hunn nieft den Energiepräisser am Ganzen Deierecht. Och bei de Liewensmëttelen a bei aneren Elementer. Dat wierkt sech ganz schlëmm op d'Leit aus. Mir hunn och Informatioune kritt, dass d‘Entwécklung op den Energiepräisser esou ass, dass eenzel Betriber dat net méi kënnen op de Verkafspräis iwwerdroen, an da Chômage Partiel ufroen oder d‘Produktioun astellen.

Extrait Patrick Dury (1)

Da géifen d'Salariéen duebel an d'Laberente kommen, warnt de Gewerkschaftler. D'Kafkraaft vun de Leit muss gestäipt ginn. De Patrick Dury widderhëlt d'Fuerderung vun engem Héchstpräis fir Sprit. Op steierlechem Plang kéint d'Regierung de Leit entgéint kommen. D'Accisen sinn e ganz groussen Undeel vun de Spritpräisser an doriwwer an iwwer TVA muss gekuckt ginn, eng Limitt vun de Präisser anzeféieren. D'Diskussioun muss vill méi breet ginn. Net nëmmen de Bensinn an den Diesel ginn erop, mä och de Masutt, de Gas an d‘Elektrescht. Dat net nëmmen fir déi eenzel Persoun, mä och fir d‘Betriber.

Extrait Patrick Dury (2)

Et wär eng aussergewéinlech Situatioun, bedauert de Patrick Dury. An der Tripartite missten dréngend Léisunge fonnt ginn.

RTL

© RTL-Archiv

D'Unioun vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg schléit Alarm.

Et géif eng fundamental Urgence an der ganzer Wirtschaft bestoen. All Secteuren, net nëmmen d'Handwierk, d'Industrie oder den Transport, mä och Banken an Assurancen, wären duerch déi aktuell Situatioun uerg getraff. Se wär elo däitlech méi schlëmm, ewéi wärend der Covid-Pandemie, betount de President vun der UEL Michel Reckinger. De loin vill méi schlëmm. Il n‘y a pas photo. Dat hei huet eng Implicatioun an der Ekonomie déi ass enorm. Se gehäit d‘Fundamenter vun de Fraisen an de Betriber komplett iwwer Bord. Mir schwätze vu ganz anere Montanten. Energie. Awer och d‘Inflatioun déi duerch déi Präisser gedriwwen ass. Et si ganz vill Entreprisen, déi haut Perte schreiwen. Déi moies opstinn a Perte schreiwen, wa se mat hire Leit schaffen.

Extrait Michel Reckinger (1)

De Michel Reckinger warnt, dass et international Entreprisen gëtt, déi sech iwwerleeën géifen, Lëtzebuerg ze verloossen. Dem Patronat mécht et Kappzerbrieches, dass dëst Joer wéinst der Präisdeierecht nach méi ewéi eng Indextranche kéint fälleg ginn. De Stéit kéint een awer iwwer aner Weeër ënnert d'Äerm gräifen, mengt den UEL-President. Dofir wäert d'Patronat wuel mat der Fuerderung an d'Tripartite goen, weider Tranche vum Index ze stoppen. Och déi nächst Tranche: esoulaang se net do ass, ass se net do. Dofir hätt ech gär séier eng Diskussioun doriwwer. Wa mir soen, mir hätte gär een Afréieren, wéi mir et schonn virun 10 Joer haten, mat just enger Indextranche pro Joer. Wann dat dann eng Léisung wär, dann hätte mir eng am Oktober, an déi nächst kéim am Oktober drop. Dat kann ee muer decidéieren.

Extrait Michel Reckinger (2)

Diskussiounen iwwer den Index komme bei de Gewerkschaften ni gutt un, wéi den Nationalpresident vum LCGB Patrick Dury am RTL-Interview erkläert. Et ass net den Index, deen hei d'Präisser gedriwwen huet. Et sinn d'Explosioun vun den Energiepräisser, d'Auswierkunge vum Covid a vum Krich, déi de Problem duerstellen. Mir mussen elo kucken, d‘Inflatioun an de Grëff ze kréien.

Extrait Patrick Dury (3)

Patronat a Gewerkschafte géife sech léiwer haut ewéi muer mat der Regierung un een Dësch setzen.

Pressecommuniqué

Hausse vertigineuse des prix d’énergie

Un tsunami économique et social à éviter d’urgence par une Tripartite nationale

Luxembourg, le 10 mars 2022 – Actuellement les prix de l’énergie battent un record après l’autre et rappellent un scénario de crise dont la gravité n’a plus été connue depuis le premier choc pétrolier en 1973. Après deux années difficiles de pandémie et face à une nouvelle guerre qui sévit en Europe, un tsunami économique et social doit d’urgence être évité par la convocation d’une Tripartite nationale aux fins d’adopter un paquet de mesures substantielles visant à soutenir les entreprises, pérenniser les emplois et renforcer le pouvoir d’achat des ménages.

Ces derniers jours, le LCGB est de plus en plus confronté à des échos inquiétants parvenant de tous les secteurs de l’économie luxembourgeoise. Outre la pression énorme sur le pouvoir d’achat des ménages, la flambée incessante des prix d’énergie touche également les entreprises de plein fouet et par conséquent les salariés.

Ensemble avec les problèmes d’approvisionnement en matériaux ou matières premières, les chocs énergétiques successifs risquent désormais de forcer des entreprises à réduire leurs activités qui ne parviennent plus à récupérer ces coûts sur les prix de vente. Pour ces sociétés, un recours plus poussé au chômage partiel semble imminent et de plus en plus inévitable avec toutes les conséquences néfastes que cela signifie pour le pouvoir d’achat des salariés concernés. A défaut d’une amélioration de la situation, la pérennité de certaines activités économiques risque d’être compromise.

En même temps, la situation financière de nombreux ménages devient de plus en plus précaire. De nombreux salariés témoignent entre-temps de leurs difficultés pour faire face à l’inflation galopante, mais aussi aux fortes hausses récentes des prix de l’alimentaire, des vêtements ou des chaussures.

L’état de la nation luxembourgeoise rappelle largement celui de la deuxième moitié des années 1970 qui était marquée par l’une des pires crises économiques et sociales que notre pays ait connues et qui trouvait son origine dans une explosion des prix pétroliers. A l’époque la crise a seulement pu être maîtrisée par l’institutionnalisation du modèle social luxembourgeois ayant à son centre la Tripartite nationale. Dès 1977, cette dernière était l’outil de crise par excellence qui permettait au Gouvernement de ficeler en concert avec les partenaires sociaux plusieurs paquets ambitieux de soutien et de relance économique et sociale.

Pour le LCGB, la conjugaison de ces évènements graves qui conduisent à l’affolement de la situation économique du pays provoque une ’inquiétude grandissante des salariés du pays qui exige une réaction adaptée à la situation ! Le Gouvernement doit donc convoquer d’urgence une réunion de la Tripartite nationale.