Analys vum Observatoire de l'habitatNationale Logementsmarché huet sech stabiliséiert

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus der neister Analys vum Observatoire de l'habitat ervir.
© Symbolbild

Am Laf vun den éischten 3 Méint vun dësem Joer huet sech den nationale Logementsmarché stabiliséiert. Virun allem am Verglach mat der Zäit tëscht 2023 an Ufank 2024. Dat geet aus enger Analys vum Observatoire de l'habitat ervir.

D'Präisser iwwert ee Joer gesi wieren an der Moyenne ëm 1,7% geklommen. Al Haiser gewanne méi u Wäert, nämlech an der Moyenne 3%, Appartementer hunn eng méi limitéiert Präis-Hausse. D'Loyere ginn allerdéngs ee gutt Stéck méi séier an d'Luucht, hei gouf et an de leschten 12 Méint eng Hausse vu 4,4%, wat ee gutt Stéck iwwert der Inflatioun vun 1,6% läit. Et bleift deemno ee gréissere Kontrast tëscht de Loyeren, déi klammen, an de relativ stabille Präisser an der Vente bestoen. Dëst géif fir Tensiounen um Locatiounsmarché suergen.

Schreiwes vum Logementsministère an dem Aménagement du territoire

Back to Top
CIM LOGO