Stierwen an DoudNationale Plang fir d'Liewensenn a palliativ Soine presentéiert

Jean-Marc Sturm
D’Liewensenn ass en Thema, iwwer dat dacks eréischt geschwat gëtt, wann een domat konfrontéiert gëtt an et ze spéit ass.
Nationale Plang fir d'Liewensenn a palliativ Soinen gouf presentéiert
D’Liewensenn ass en Thema, iwwer dat dacks eréischt geschwat gëtt, wann een domat konfrontéiert gëtt an et ze spéit ass.

An awer ass den Doud eng Realitéit. Nodeems 2009 d’Gesetzer iwwer d’palliativ Begleedung an d’Euthanasie gestëmmt goufen, soll elo en nationale Plang fir d’Liewensenn an déi palliativ Soinen hëllefen, d’Gesellschaft ze sensibiliséieren an iwwer déi méiglech Hëllefen ze informéieren.

Nationale Plang fir d’Liewensenn a palliativ Soine presentéiert / Rep. Sturm

En Aarbechtsgrupp mat den Acteuren um Terrain huet iwwert déi lescht sechs Méint siwen Haaptpunkte festgehalen. Dës riichte sech esou wuel un de Concernéierten, deen alles am Virfeld wëll gereegelt hunn, iwwer d’Famill, bis bei d’Gesondheets- a Fleegepersonal, déi de Patient bis zum Schluss begleet. “Et geet eigentlech drëms, datt jiddwereen sech fréizäiteg heimat ausenanersetzt, fir sech selwer e Gefalen ze doen, well ee selwer kann decidéieren, wat um Liewensenn mat engem geschitt”, esou de Familljeminister Max Hahn. Ma et géif een och deenen Hannerbliwwenen eng wichteg Decisioun ofhuelen, well esou wiere si an deem schwéiere Moment net mat der Fro konfrontéiert, ob si och wierklech de Wëlle vum Stierwende respektéiert hunn.

Doduercher, datt een d’Iddi vum Doud progressiv ugeet, kéint ee vill administrativ Demarchë vereinfachen, andeems ee se beispillsweis am Virfeld mam Dokter duerchgeet oder wichteg Dokumenter enregistréiere léisst. Esou wier een an engem Moment, dee schonn immens schwéier ass, net och nach mat administrative Prozesser geplot. “Et ass do, wou mir wëllen hikommen”, erkläert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert, “datt et keen Tabu-Thema ass, datt och beim Fachpersonal gewosst ass wéi domadder ëmgoen, datt mir déi néideg Formatiounen ubidden an esou, lues a lues, dee schwéiere Wee fir déi Concernéiert méi einfach maachen.”

Eng weider Formatioun kéint sech un den Enseignement riichten, wéi een den Doud bei de Kanner thematiséiert, oder si an hirer Trauer ënnerstëtzt. D’Ëmsetzung vum nationale Plang soll iwwerdeems och all dräi Joer esouwuel intern, wéi och extern, evaluéiert ginn.

Link: Weider Detailer fannt Dir ë.a. um Site vum Gesondheetsministère

Back to Top
CIM LOGO