Aus der parlamentarescher FamilljekommissiounNationalen Zenter fir Affer vu Gewalt mécht Enn Abrëll seng Dieren op

Marc Hoscheid
Wéinst der zentraler Lag kënnt d'Struktur an de Stater Val St. Croix.
© RTL Archiv

Een nationalen Zenter fir d’Affer vu Gewalt, esou eng Ariichtung gëtt et zu Lëtzebuerg aktuell net, ma dat soll sech awer geschwënn änneren. E Méindeg de Mëtteg huet d’Gläichstellungsministesch Yuriko Backes een entspriechende Projet an der parlamentarescher Familljekommissioun presentéiert. Enn Abrëll soll d’Struktur hir Dieren am Stater Val St. Croix opmaachen.

D’Yuriko Backes erkläert, wat do genee offréiert wäert ginn: “Do entsteet ee Service fir sämtlech Affer vu Gewalt, Majeurs a Mineurs, wou d’Hëllef wierklech bei si kënnt. Psychologesch Hëllef, Betreiung, datt se sech fir d’éischt emol kënnen a Rou zeréckzéien, wou och d’Police an de Parquet kënnen hikommen, wou een Dokter hi kënnt, wou eng Assistante sociale, eng Infirmière ass, fir no deenen éischte Besoinen ze kucken.”

D’Gläichstellungsministesch Yuriko Backes - Zentrum fir Affer vu Gewalt

Wat d’Plaz ugeet, wier et virop wichteg, datt d’Struktur relativ zentral läit, net ze wäit vu Spideeler fort ass a gutt mam ëffentlechen Transport erreechbar ass.

D’Oppositioun weist sech alles an allem zefridde mam Projet. D’Joëlle Welfring vun deene Grénge fäert just, datt een d’Expertise, déi et an deem Beräich schonn zu Lëtzebuerg gëtt, net ganz um Radar huet: “Also et gëtt ee ganze Koup Associatiounen, déi sech lo scho fir d’Ënnerstëtzung vun den Affer vun haislecher Gewalt a vu Gewalt géint Fraen asetzen. Notamment “La voix des survivantes”, déi och schonn hir Revendicatioune publizéiert hunn. A wéi wäit deenen hir Erfarungen elo schonn an d’Grondkonzept agefloss sinn, war net sou kloer. Mee ech hunn nach eng Kéier ënnerstrach, wéi wichteg et ass, wann een dat bewäert a kuckt, datt et ugepasst gëtt, datt een och deenen hier Erfarunge mat eran hëlt.”

Joëlle Welfring vun déi Gréng - Zentrum fir Affer vu Gewalt

Pro Joer ginn den offizielle Statistiken no am Grand-Duché liicht méi wéi 1.000 Persounen Affer vun haislecher Gewalt. Dobäi dierft déi wierklech Zuel wuel nach wesentlech méi héich sinn. Der Claire Delcourt vun der LSAP no läit dat och deels dorunner, datt et dacks schwéier ass, d’Doten nozeweisen: “Dat, wat een och um Terrain sou héiert, ass, datt een net onbedéngt ëmmer motivéiert gëtt, wann een eng Plainte mécht. D’Moyene sinn do ëmmer bëssi begrenzt, och wou d’Hänn gebonne sinn. Notamment wat Viol sexuel ugeet, ech hu selwer an deem Beräich geschafft, do weess ech, datt et ganz schwéier ass, eng gewësse Spueresécherung festzestellen an och de Suivi dovunner ze maachen.”

Claire Delcourt vun der LSAP - Zentrum fir Affer vu Gewalt

Wat d’Struktur am Val St. Croix ugeet, handelt et sech dobäi an enger éischter Phas ëm ee Pilotprojet. D’Yuriko Backes hofft, datt een d’nächst Joer eng 24-op-24-Stonne-Betreiung wäert offréiere kënnen. Fir dëst Joer ass iwwregens ee Budget vu ronn enger Millioun Euro virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO