Am Raum LéilerNaturverwaltung confirméiert Presenz vun engem Wollef

RTL Lëtzebuerg
Viru ronn zwou Woche gouf am Raum Léiler e Schof gerappt. Experten hunn d'Spueren um Kadaver engem Wollef zougeschriwwen.

Och déi genetesch Analys huet confirméiert, datt d’Raubdéier, dat d’Schof gerass huet, zu 100 Prozent e Wollef war. D’Déier gehéiert enger Populatioun vu Wëllef un, déi hiert d’Gebitt haaptsächlech am Raum tëscht dem Zentrum vu Polen an Niedersachsen hunn. D’Wëllef, déi 2020 zu Nidderaanwen an dëst Joer zu Tratten nogewise goufen, stamen aus der selwechter Géigend. Domadder ass dëst Déier den zweete Wollef, deen dëst Joer nogewise gouf.
Vu datt elo feststeet, dass et effektiv e Wollef war, deen d’Schof gerass hat, gëtt de Proprietär vum Déier zu 100 Prozent entschiedegt.

D’Déier, wat virun e puer Wochen e Schof zu Houfelt gerass huet, war awer kee Wollef, mä den Analysen no en Hond.

Sollt d’Populatioun en Indice op e Wollef hunn, soll een dëst der Naturverwaltung per E-Mail op wolf@anf.etat.lu mellen.

PDF: D'Schreiwes vun den zoustännegen Autoritéiten

Back to Top
CIM LOGO