E puer honnert Meter mei wäit, hu Manifestanten d’Fräiloossen vun allen israelesch Geiselen gefuerdert. Zwou Gruppen déi sech, eegen Aussoen no, fir de Fridden am ganzen Noen Osten asetzen. Awer eenzel optrieden. E Bazar International ouni israeelesche Stand gëtt vu kengem acceptéiert! Treffe bei der Philharmonie, dann duerch d’Stad op d’Clairefontainesplaz. Et gëtt eng Gewunnecht, d’Fändele vu Palestina an de Stater Stroossen ze gesinn. Fir eng Paix juste am Noen Osten, setze si sech an. Fir d’Mënscherechter awer och.
E Vertrieder vun der israeelescher Communautéit hu mer hei elo net begéint, mä per Zoufall goufe mer gewuer, dass um Enn vun der Groussgaass e klenge Grupp vu Bierger sech zesummefonnt hat, fir un d’israeelesch Geiselen z’erënneren. An natierlech ass ënnert hinnen e Bazar International ouni israeelesche Stand och en Thema.