
De Ministère fir Digitaliséierung huet no Hallefnuecht matgedeelt, datt um System vun de mobile Geräter, also Smartphonen an Tabletten, déi vum staatleche CTIE geréiert ginn, eng Malware, eng schiedlech Software, entdeckt ginn ass.
De CTIE huet doropshin de betraffene System preventiv isoléiert. Doduerch ass den Accès op déi intern Servicer vum Staat iwwer déi mobil Geräter zanter en Donneschdeg den Owend net disponibel. Déi eenzel Ministèren an Administratiounen sinn informéiert ginn.
D’Servicer vum Staat sinn a bleiwen awer ganz normal via Computer accessibel a komplett operationell.