
Géint 20.40 Auer war et tëscht Wolz an Noutem zu engem Accident komm, bei deem eng Persoun verwonnt ginn ass. D’Pompjeeën an d’Ambulanz vu Wolz waren op der Plaz.
Um 21 Auer hunn zu Dummeldeng um Sentier de la scierie Offäll gebrannt. D’Pompjeeën an d’Ambulanz aus der Stad hu sech ëm d’Feier an ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Zu Bouneweg ass géint 21.45 Auer an der Rue Irmine eng Persoun ugestouss ginn. Och hei waren d’Pompjeeën an d’Ambulanz aus der Stad am Asaz.
Kuerz no 23 Auer koum et an der Rue Brill zu Féiz zu engem Accident, bei deem et ee Blesséierte gouf. Hei waren d’Ambulanz vu Monnerech an d’Pompjeeë vun Esch op der Plaz.
Wéineg méi spéit war et op der A13 tëscht Keel a Schëffleng en Accident mat engem Auto, deen d’Ambulanz vu Keel an d’Pompjeeë vu Rëmeleng a Keel an de Asaz geruff huet, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Kuerz no Mëtternuecht ass et op der A6 tëscht dem Zéissenger Kräiz an der Sortie Helfent zu engem weideren Accident komm, an deem sech zwee Gefierer ze pake kritt haten. Ee Blesséierte war d’Suite, d’Pompjeeën an d’Ambulanz aus der Stad waren do am Asaz.