Dir hutt d'Wuert (2. Mäerz) - Igor Loran an Tim PaulyOnline-Bedruch - e Problem, dee bleiwe wäert

Pierre Jans
Phishing, Identitéitsfälschung an aner Forme vun Online-Bedruch: Arnaquen huelen zou, a ginn och mat Hëllef vu KI ëmmer méi professionell.
Dir hutt d'Wuert zum Thema Online-Arnaquen
Den Igor Loran vu BeeSecure an den Tim Pauly vun der Police waren am Studio, fir op Froen ze äntweren.

Den Igor Loran vu BeeSecure an den Tim Pauly vun der Police waren am Studio, fir am “Dir hutt d’Wuert” op Froen ze äntweren.

Wéi kann ee bekannt an nei Bedruchsmaschen erkennen an iwwerhaapt evitéieren, drop eranzefalen? A wéi eng Méiglechkeete ginn et, wann et ze spéit ass? Doriwwer hu mer e Méindeg de Moien an der Emissioun “Dir hutt d’Wuert” um Radio diskutéiert. Den Igor Loran vu BeeSecure an den Tim Pauly vun der Police waren am Studio, fir op Är Froen ze äntweren.

D‘Bedruchsmasche wäre mëttlerweil richteg professionell. Dat hu béid Invitéeë betount. Online-Sitte mat de gefakte Logoe wären esou gutt nogemaach, dass een dacks net méi erkennt, dass et e Fake-Site ass. Mat 296 Fäll zejoert hätt ee bei BeeSecure ronn 50 Prozent méi Arnaque gemellt kritt, wéi d’Joer virdrun.

D’Nolauschterer, déi e Méindeg de Moien ugeruff hunn, hunn deels eegen Erfarunge beschriwwen, wéi se beduckst goufen. Meeschtens wieren si vun Onéierleche kontaktéiert an och ënner Drock gesat ginn. Duerno wären ouni d’Zoustëmmung vun de Leit Suen ofgebucht ginn. Trotzdeem hunn och verschidden Uruffer zouginn, zu engem bestëmmten Ament vun der Arnaque perséinlech Donnéeë präisginn ze hunn.

Technesch oder mënschlech Sécherheetsfaillë géife konsequent ausgenotzt ginn, hunn d‘Experte gewarnt. An alle Fäll wär et ëmmer sënnvoll, kritesch ze bleiwen, sech net op Friemer anzeloossen, a virun all Transaktioun oder Manipulatioun e Moment stallzehalen an nozedenken, esou de Psycholog Igor Loran. Ganz dacks géifen déi Onéierlech hiren Trick da schonn ofbriechen. Wichteg wär et, op alle Fall Plainte ze maachen, huet den Tim Pauly vun der Police geroden. Sech schummen, an näischt ënnerhuelen, wär definitiv keng Léisung.

“Money muling” ass och zu Lëtzebuerg e Probleem

De Phänomen vum “Money muling” kënnt an der Lescht ëmmer méi op. Et ass en Trick vun de Gangsteren, fir d‘Spuere vun hiren Arnaquen ze verwëschen. Si probéiere Leit vir sech ze gewannen, déi hinnen hir Konten zur Verfügung stellen, fir ebe geklaute respektiv illegal Suen ze transferéieren an esou wäiss ze wäschen.

Si verspriechen de Persounen da kleng Gewënner oder aner Avantagen. Wie sech do awéckele léisst, mécht sech awer gewollt oder net gewollt zum Kompliz vun engem Kriminellen, huet den Tim Pauly betount. Dorop stinn héich Amendë bis Prisongsstrofen. D‘Police an d‘Police judiciaire hunn eng Task force dogéint op d‘Bee gesat. Et géif schonn éischt Succèse ginn. E puer Gauner wäre scho gepëtzt ginn, esou de Polizist.

Dacks wäre Jonker fir “Money muling” ufälleg. Dofir wäert de Service Preventioun vun der Police si mat enger Campagne och verstäerkt doriwwer opklären. Béid Invitéeë ware sech eens: d‘Online-Arnaquë sinn e Probleem, deen aktuell bleift.

Safety First

Och RTL dréit säin Deel dozou bäi, d‘Leit iwwer d‘Arnaquen z‘informéieren. Mam EDMO-Projet, dee vun der europäescher Unioun ënnerstëtzt gëtt, ass et d’Zil, géint Falschinformatiounen am Internet virzegoen. RTL ass ee vun de Partner vum EDMO-Projet.

6 vun 12 Videoen si schonn online. Se maachen op Geforen am Internet opmierksam an dat op eng labber an awer bestëmmt Aart a Weis. Dir kritt doran Informatiounen an Erklärunge respektiv Tipps, wéi een déi Geforen erkennt a wéi ee sech protegéiere kann.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO