Bezierk ZentrumNei Buergermeeschteren zu Schëtter an Nidderaanwen, Verhältneswiessel zu Biissen

RTL Lëtzebuerg
Zu Nidderaanwen an zu Schëtter sinn déi aktuell Buergermeeschteren net méi ugetrueden - hir Parteie bleiwen awer stäerkste Kraaft.
© RTL-Archiv

D’Stad war ëm kuerz no Mëtternuecht déi leschte Gemeng, déi komplett ausgezielt war. Grouss Verännerunge gouf et do allerdéngs net. An der Stad gouf d’DP gestäerkt, d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer gouf mat 15.212 Stëmmen an hirem Poste confirméiert. D’Pirate si mam Pascal Clement dann elo och déi éischte Kéier mat engem Sëtz an der Stad vertrueden. D’CSV an déi Lénk verléiere jeeweils ee Sëtz, esou datt d’CSV elo nach op sechs an déi Lénk nach op ee Sëtz kommen. Déi zwou nei Parteien - “Fokus” an “Mir d’Vollek” kruten e Sonndeg déi mannste Stëmmen, mat 2,4, respektiv 1 Prozent.

DP an CSV an der Stad si sech quasi eens
Biller gefilmt vum François Aulner.

Zu Nidderaanwen geet den aktuelle Buergermeeschter Raymond Weydert vun der CSV an déi politesch Pensioun. Fir d’CSV war et um Walsonndeg zwar ee liichte Minus, se bleift awer déi stäerkste Kraaft an der Gemeng. Mat knapps iwwer 2.000 Stëmme konnt sech den CSV-Schäffen Fréd Ternes duerchsetzen. D’DP huet ee Sëtz bäigewonnen a kënnt elo op dräi Sëtz.

Och zuSandweilerhuet d’DP e Sëtz bäigewonnen an zitt domat gläich mat der CSV (-1) an der LSAP (+1) op elo dräi Sëtz. Wat d’Stëmmen ugeet, kënnt déi aktuell CSV-Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz just nach op déi véierte Plaz. Déi meeschte Stëmmen huet de Gemengeconseiller Claude Mousel vun der DP kritt.

Wéi zu Nidderaanwen ass och zuSchëtterden aktuelle Buergermeeschter, de Jean-Paul Jost, net méi ugetrueden. D’DP bleift awer stäerkste Kraaft. Den DP-Gemengeconseiller Serge Eicher krut déi meeschte Stëmmen. De Serge Thein vun de Schëtter Bierger kënnt op déi zweete Plaz. Souwuel d’LSAP wéi och déi Gréng hunn ee Sëtz bäikritt a kommen elo op jeeweils zwee.

De Serge Thein vu Schëtter
De Serge Thein vun de Schëtter Bierger kënnt op déi zweete Plaz.

Zu Stroossen komme souwuel d’DP (+1) wéi och d’CSV elo op fënnef Sëtz (+2). Den CSV-Buergermeeschter Nico Pundel bleift mat 2.313 Stëmmen dee Meeschtgewielten a seng Partei ka sech freeën - d’CSV huet 9,5 Prozent zougeluecht.

Zu Miersch konnt sech den aktuelle Buergermeeschter Michel Malherbe (DP) mat engem staarke Score kloer viru senge Konkurrenten duerchsetzen. Hie kënnt op 3.380 Stëmmen. Dat sinn der 700 méi wéi 2017.

Zu Biissen huet d’CSV huet ganzer 20,9 Prozent verluer a kënnt nach op 30,9 Prozent. Déi meeschte Stëmme krut den aktuelle Buergermeeschter David Viaggi mat 1.727.

An der Gemeng Helperknapp konnt de Paul Mangen (Engagéiert Bierger) déi meeschte Stëmme fir sech gewannen. Hie war bis elo Gemengeconseiller. Den aktuellem DP-Buergermeeschter Frank Conrad huet iwwer 500 Stëmme manner op Plaz 2.

D’Walresultate rfannt dir hei an de rIwwersiicht an am Detail.

Back to Top
CIM LOGO