
Souwuel d’Menagen, wéi och d’Entreprisë sollen domat finanziell ënnerstëtzt ginn an d’Präisdeierecht gebremst. D’Dispositiounen, déi scho bestinn, gi bis Enn 2024 stabiliséiert.
Nei am Projet de Loi ass, dass och Clientë mat enger Kapazitéit vun iwwer 650 Kilowattstonnen d’Joer vun der Bäihëllef profitéiere kënnen. D’Konditioun ass, dass d’Wunnunitéiten op d’mannst 60 Prozent vum Gebai anhuelen. Dëst concernéiert virun allem Appartementshaiser.
Weiderhi gëtt dann de Stroumpräis fir all Client mat engem Verbrauch vu manner wéi 25 Megawatt d’Stonn pro Joer um Niveau vun 2022 gehalen. Déi staatlech Contributioun beleeft sech dobäi op maximal 225 Milliounen Euro am Kompensatiounsmechanismus fir d’Joer 2024, erkläert d’Rapportrice vum Projet d’José Lorsché vun Déi Gréng.
De Gaspräis gëtt och weider stabiliséiert, andeems de Staat d’Netzkäschte fir d’Endclientë weider iwwerhëlt an andeems de Präis weider op 15 Prozent par rapport zum Duerchschnëttspräis vu September 2022 gedeckelt gëtt. Déi Deckelung entsteet, well d’Fournisseuren d’Méikäschte vum Staat rembourséiert kréien.
D’Aidë fir d’Stéit, déi hir Wunneng mat Holzpellets heizen, gi verlängert. D’Subventioun fir de Client beleeft sech op 35 Prozent mat engem Plaffong vun 200 Euro pro Tonn.
Och d’elektresch Bornen am ëffentleche Raum gi subventionéiert. De Maximalpräis, deen de Client op der Borne bezuele muss, läit bei 33 Kilowatt d’Stonn.
Och d’Subventioun vun de Wäerme-Netzer gëtt verlängert. Fir d’Clienten ass hei de Präis op ongeféier 15 Prozent iwwert dem verrechenten Duerchschnëttspräis vu September limitéiert gëtt. Och hei wäerte Clientë vun iwwer 650 Kilowatt d’Stonn vum Präis profitéiere kënnen. Nees ënnert der Konditioun, dass 60 Prozent vun den Unitéiten am Gebai aus Wunnunitéite bestinn.
Am Projet de Loi geet et ëm e Milliounebetrag. 480 Milliounen eleng fir de Gaspräis ze plafonéieren. Den CSV-Deputéierte Gilles Roth huet ugemierkt, dass dat Transparenz géing fuerderen. Hie seet, et hätt een e Recht drop, gewuer ze ginn, wat d’Benefice-Entwécklung vum Grupp Encevo wier. Virun allem dat, wat dem Gas zouzeféiere wier. De Staat hätt jo schliisslech Administrateuren am Grupp.
Den Energieminister vun déi Gréng, de Claude Turmes reagéiert. Et hätt ee per Gesetz dem Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) d’Mandat ginn, dat seriö ze suivéieren. Dësen hätt awer eréischt den 1. Juli déi detailléiert Ofrechnunge vun de Fournisseure kritt. Am September wäert een da méi Detailer kréien.
Och wa jiddereen d’Gesetz matgestëmmt huet, bleift et net ganz ouni Kritik. Mat deene 25.000 Kilowattstonnen d’Joer, déi géinge fir ee Stot maximal berécksiichtegt ginn, kéint ee Stot vu 4 Persounen all Dag eng Sauna bedreiwen, rechent de Sven Clement vun de Pirate vir. Domat wier een nach ëmmer ënnert de Seuilen.