Traditioun aus dem 19. JoerhonnertNei geziichte Rous dréit den Numm vun der groussherzoglecher Koppel

Lynn Cruchten
Am Stater Park war en Donneschdeg eng offiziell Zeremonie, fir déi nei Blumm ze deefen. Eng Traditioun, déi op d’Enn vum 19. Joerhonnert zréckgeet.
Nei geziichte Rous dréit den Numm vun der groussherzoglecher Koppel
Am Stater Park war en Donneschdeg eng offiziell Zeremonie, fir déi nei Blumm ze deefen. Eng Traditioun, déi op d’Enn vum 19. Joerhonnert zréckgeet.

Grand-Duc Guillaume & Grande-Duchesse Stéphanie. Dat sinn net nëmmen d’Nimm vun eiser groussherzoglecher Koppel, mee neierdéngs och vun enger bestëmmter Rous. Hell, elegant a robust ass se, a vun der groussherzoglecher Koppel perséinlech gedeeft ginn. D'Ann Velle-Boudolff, Rousenziichterin a Creatrice vun der neier Rous:

"C’est un rosier très double, en forme à l’ancienne avec un cœur tout en vert au centre. Il est légèrement parfumé. Et puis il y a beaucoup de feuillage, très résistant et très dense, qui tient très longtemps à la plante jusqu’en novembre."

D’Creatrice vergläicht d’Entwécklung vun der Blumm mat där vun engem Kand. Et wéisst een ni konkret, wat bei Kräizungen erauskënnt an de ganze Prozess géif och Joren daueren.

"On a besoin d’une plante mère et on met du pollen d’une plante père. Si on a de la chance, ça forme un fruit. Et quand on enlève les graines dedans et on les sème, on espère avoir des plantes nouvelles."

Datt Rouse mat den Nimm vu Membere vun der groussherzoglecher Famill gedeeft ginn, geet et op de Wonsch vum Grand-Duc Adolphe zréck. Hie war e grousse Rousefrënd a huet 1891 mat där Traditioun ugefaangen. D'Nicole Trossen, Presidentin Patrimoine Roses Luxembourg asbl:

"Dat ass du lues a lues ëmmer esou weidergaangen. A mir hunn dat duergehale bis zum haitegen Dag. Och esouguer déi Joren, wéi hei zu Lëtzebuerg net méi vill vu Rouse geschwat ginn ass."

Dës Blummen hunn am Grand-Duché eng wichteg historesch Bedeitung. Lëtzebuerg war an der Zäit eng richteg Rousen-Natioun.

"Lëtzebuerg war jo ëm 1900 Weltmeeschter am Export vun de Rousen duerch d’ganz Welt. Mir hate super Leit, déi immens gutt Rousenziichter waren. Eleng 400 Rousenzorte sinn hei zu Lëtzebuerg geziicht ginn."

An d’Rousen, egal ob déi vun de groussherzogleche Familljememberen oder vun anere Perséinlechkeeten, déi Lëtzebuerg gepräägt hunn, gehéieren och zum Bild vun der Stad Lëtzebuerg. D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer:

"Déi, déi am meeschte bekannt ass, dat ass déi vun der Grande-Duchesse Charlotte, déi déi 1938 krut. Si ware jo dunn an der Krichszäit net do a si ass an Amerika dunn awer matgeholl ginn a si huet se och nees vun do mat erëmbruecht. A vun deem Moment un ass déi ganz vill doruechter geplanzt ginn. Och bei eis am Park."

Ob déi nei Rous Grand-Duc Guillaume-Grande-Duchesse Stéphanie och eng fest Plaz am Stater Park kritt, ass nach net kloer. Sécher ass awer, datt se an Zukunft op ville Plazen am Land wäert bléien an esou eng Traditioun wäert weiderféieren, déi viru méi wéi 130 Joer ugefaangen huet.

Back to Top
CIM LOGO