VIDEO - Avia an Aéro SportNei Hoffnung fir d'Privatfligerei um Findel

Christophe Hochard
Zënter ville Joerzéngte gëtt et d'Privatfligerei zu Lëtzebuerg. Déi zwee Clibb um Findel forméieren allerdéngs net nëmmen Hobbypiloten aus.
AVIA an AERO Sport: Nei Hoffnung fir d'Privatfligerei
Zënter ville Joerzéngte gëtt et d'Privatfligerei hei zu Lëtzebuerg. Déi zwee Clib um Findel forméieren allerdéngs net nëmmen Hobbypiloten aus.

An de leschte Joren hu sech AVIA SPORT an AÉRO SPORT vill Suergen ëm hir Zukunft um Findel gemaach. Zënter Kuerzem schéngt et allerdéngs Liicht um Enn vum Tunnel ze ginn.

Den Aéro Sport zielt eng 600 Memberen a bilt pro Joer tëscht 55 a 60 Piloten aus. Den Noper Avia Sport huet eng 150 Memberen. Hei ginn d'Joer iwwer 15 jonk Leit duerch d'Piloteformatioun.

Fir e seriöe Fluchtraining kënnen z'assuréieren, brauch et eng Pist vun 800 Meter. Dofir wëlle béid Veräiner hir respektiv Plaz um Findel behalen.

Back to Top
CIM LOGO