Staatsvisitt aus dem Cap VertNei Skulptur zu Bouneweg ageweit

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am fréien Owend ass zu Bouneweg eng Skulptur ageweit ginn, déi 60 Joer Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg an dem Cap Vert symboliséiert.

Déi kapverdianesch Presidentekoppel war jo déi lescht dräi Deeg iwwer op offizieller Visitt an eben dono och zu Bouneweg derbäi. D’Fra vum President hat kuerz no der Zeremonie e Malaise, si gouf an d’Spidol ageliwwert. No enger kuerzer Kontroll hätt si dëst awer nees kënne verloossen.

RTL-Artikel: Nelson Delgado am RTL-Interview: “D’Partnerschaft vum Cap Vert a Lëtzebuerg ass eng laang a wichteg a mengen Aen”
RTL-Artikel: Lëtzebuerger Ënnerstëtzung essentiel fir d’Zukunft vum Cap Vert

Back to Top
CIM LOGO