Nelson Delgado am RTL-Interview"D'Partnerschaft vum Cap Vert a Lëtzebuerg ass eng laang a wichteg a mengen Aen"

Yannick Zuidberg
Zanter en Dënschdeg an nach bis en Donneschdeg ass de kapverdianesche President José Maria Neves mat senger Fra op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg.
© pressphoto (Archiv)

De kapverdianesche President a seng Fra Débora Katisa Carvalho gi begleet vum Ausseminister Rui Alberto de Figueire do Soares an de Ministere Jorge Pedro Maurício dos Santos an Alexandre Dias Monteiro.

Kapverdianesche President José Maria Neves op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg
Zanter en Dënschdeg an nach bis en Donneschdeg ass de kapverdianesche President José Maria Neves mat senger Fra op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg.

Et ass eng laang Partnerschaft, déi Lëtzebuerg an de Cap Vert verbënnt. Zanter 1993 ass den afrikaneschen Inselstaat ee privilegéiert Partnerland vun der Lëtzebuerger Kooperatiounshëllef. Eng wichteg Kooperatioun, mengt och de fréiere Lëtzebuerger Basket-Nationalspiller Nelson Delgado, dee kapverdianesch Originnen huet.

D’Partnerschaft vum Cap Vert a Lëtzebuerg ass eng laang a wichteg a mengem Aen. De Cap Vert inspiréiert sech ëmmer méi vum Lëtzebuerger Modell. Duerch déi Kooperatioun entwéckelt sech de Cap Vert zimmlech schnell weider.

Fir den Nelson Delgado ass et souwuel fir d’Lëtzebuerger wéi och fir d’kapverdianesch Communautéit zu Lëtzebuerg eng wichteg Visitt. Zu Lëtzebuerg liewe Stand November 2021 2.562 Kapverdianer.

Dës Staatsvisitt ass fir mech perséinlech a fir eis kapverdianesch Communautéit wichteg, well et de Kapverdianer weist, dass d’Kooperatioun weider gutt leeft an ech denken, et erlaabt och de Lëtzebuerger, méi iwwer de Cap Vert ze léieren.

Dëst erlaabt et natierlech och, datt d’Integratioun vun der kapverdianescher Communautéit zu Lëtzebuerg sech verbessert, och wann do schonns vill geschitt ass.

D’Integratioun leeft zimmlech gutt hei menger Meenung no. Fréier war et vill méi schwéier fir déi éischt Immigranten. Haut ass et méi einfach, well déi meescht, déi elo kommen, Famill a Frënn hei hunn, déi se guidéieren an et ginn och Strukturen, déi d’Immigrante beroden an hinnen hëllefen. Wou et bësse schwiereg ass, ass d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren. Et ass fir d’Kapverdianer méi einfach, Franséisch ze léieren”, ënnersträicht den Nelson Delgado.

Der kapverdianescher Communautéit zu Lëtzebuerg ass et awer natierlech och wichteg, de Kontakt zum Heemechtsland ze halen a sech weider ze informéieren.

Den Drot zum Heemechtsland ass grouss. All Kapverdianer probéiert, seng Insel ze ënnerstëtzen. Wann et de Leit dohannen net gutt geet, da sinn d’Kapverdianer hei immens besuergt. Politik aus dem Cap Vert gëtt hei och vill suivéiert.

Eng kontinuéierlech Kooperatioun tëscht béide Länner ass am Nelson Delgado seng Aen immens wichteg, fir d’Integratioun weider ze verbesseren.

Ech hoffe wierklech, dass déi gutt Kooperatioun erhale bleift an ëmmer besser gëtt. Fir d’kapverdianesch Communautéit zu Lëtzebuerg hoffen ech, dass mir eis weider hei wuelfillen an hoffen och, dass de kulturellen Austausch tëschent Lëtzebuerger a Kapverdianer weider ausgebaut gëtt.

Den Nelson Delgado, dee fréier och fir d’Lëtzebuerger Basketnationalekipp gespillt huet, huet e staarke Bezuch zu béiden Natiounen.

Et ass kloer, dass mäin Häerz fir béid Länner schléit. Ee Beispill, déi puer Kéieren, wou Lëtzebuerg géint de Cap Vert Futtball gespillt huet, mierken ech, dass ech béid Ekippen ufeieren.

Ofschléissend nach dës Wierder vum Nelson Delgado: “Wënschen dem kapverdianesche President eng flott Staatsvisitt an eisem Land.

En Dënschdeg de Moie gouf déi kapverdianesch Delegatioun um Findel vum Minister Marc Hansen empfaangen. Et stinn ënnert anerem och Entrevuë mam Grand-Duc an dem Xavier Bettel um Programm vun der Staatsvisitt, déi nach bis en Donneschdeg dauert.

Kapverdianesche President José Maria Neves op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg
Zanter en Dënschdeg an nach bis en Donneschdeg ass de kapverdianesche President José Maria Neves mat senger Fra op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO