Lëtzebuerger Ënnerstëtzung essentiel fir d'Zukunft vum Cap Vert
E Mëttwoch war deen 2. Dag vun der Staatsvisitt vum President vum Cap Vert José Maria Neves am Grand-Duché.
D'Relatiounen tëscht dem Cap Vert a Lëtzebuerg, déi dëst Joer 30. Anniversaire feieren, hätte vill zu der Entwécklung vum afrikaneschen Inselstaat bäigedroen, an d'Ënnerstëtzung a verschiddene Beräicher - vun Educatioun iwwer erneierbar Energië bis Tourismus - wier och essentiel fir d'Zukunft vum Land. Et wier eng Partnerschaft, sou de kapverdianesche President José Maria Neves e Mëttwoch um zweeten Dag vu senger offizieller Visitt am Grand-Duché.
Aktuell ass d'Ambassadrice Martine Schommer vu Lissabon aus fir de Cap Vert mat zoustänneg, ma d'diplomatesch Presenz zu Praia gëtt elo verstäerkt, esou de Xavier Bettel virun der Press. Wéi de Grand-Duc Henri schonn annoncéiert hätt, géing mam nächsten diplomatesche Wiessel e festen Ambassadeur an de Cap Vert kommen. De Cap Vert wier e Beispill wat d'Demokratie an d'Wäerter ugeet, sou de Premier.
Fräiheet, Demokratie, Rechtsstaatlechkeet, Respekt fir d'Mënscherechter a Schutz vun der Dignitéit vum Mënsch - dat wieren d'Wäerter, déi déi 2 Länner deelen, esou och de kapverdianesche President José Maria Neves. An och um internationale Plang géing ee fir déi selwecht Wäerter astoen: de Multilateralismus, de Respekt vum internationale Recht a vun der Integritéit vun de Länner. De President huet d'russesch Invasioun an der Ukrain condamnéiert. De Konflikt an der Ukrain misst duerch d'Negociatioun tëschent de Parteie geléist ginn, awer virun allem am Respekt vun der Souveränitéit an der territorialer Integritéit vun der Ukrain.