Um Kierchbierg, um Parking “Tony Rollmann” gëtt den Ament nach äifreg geschafft.
An de leschten Deeg gouf do eng Zeltstruktur opgeriicht, wou eng 500 Flüchtlingen an enger éischter Phase kënnen opgeholl ginn. Dës Léisung ass néideg ginn, nodeems d’Hal 7 vun der Luxexpo vun haut un net méi disponibel war.
Déi klimatiséiert Zeltstruktur ass ënnerdeelt mat méi klengen Zelter an deenen all Kéiers eng 12 Better stinn.
“Wann et net ze vill Undrang gëtt, kënne mer eng Famill oder eng limitéiert Zuel vu Leit an engem Zelt logéieren, fir datt se e bëssen Intimitéit hunn”, seet den Ausseminister Jean Asselborn.
Hien huet der Press dës Struktur nom Conseil vun den EU-Ausseminister gewisen.
Se geet e Freideg op a bis dohinner kommen d’Leit an der Sportshal vum “Lycée Technique du Centre” um Lampertsbierg ënner.
D’Zeltstruktur ass e Provisoire, mä seet de Jean Asselborn, keen, wou iwwermuer erëm een eis seet, mir missten eraus.
D’Struktur steet fir déi nächst Méint zur Verfügung a parallel gëtt un engem Gebai vu Bâtiments publics geschafft, dat laangfristeg fir de Primo-Accueil kéint funktionéieren.
Et kéint an 2 Méint zum Deel prett sinn.
Bis elo si 4.500 ukrainesch Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ukomm.
Nieft dem Kierchbierg hunn déi Fräiwëlleg vum CGDIS ënnert anerem och gehollef, fir en Hotel zu Iechternach fir den Accueil vun den ukrainesche Flüchtlingen prett ze maachen.
Zu Iechternach sollen an noer Zukunft eng 100 Refugiéen am fréiere Grand Hôtel ënnerbruecht ginn. D’lescht Woch hu Pompjeeën aus der Géigend notamment eng 66 Better an engem Dag opgeriicht.