CoronaNeie Covid-Gesetzestext gouf en Dënschdeg deposéiert

Roy Grotz
Zanter dem Ufank vun der Pandemie ass dëst domat deen 28. Gesetzestext, dee Reglementatioune festleet, wéi sech d'Bierger virum Virus musse protegéieren.

Wéinst der aktuell moderéierter Inzidenz vun de Corona-Infektiounen am Land ginn d’Moossname méi labber, soubal dat neit Gesetz bis gestëmmt ass. De Gesetzestext, deen en Dënschdeg vun der Santésministesch an der Chamber deposéiert gouf, ass am Verglach zu deenen aneren textuell mat nëmmen nach 10 Artikele ganz knapp gehalen, wëll quasi all d’sanitär Restriktioune gestrach ginn. Interessant ass ze notéieren, datt d’Auteuren aus dem Santésministère an hirem Text drop verweisen, datt am Hierscht weider Impf-Rappeller wäerten néideg ginn, dat virun enger méiglecher nächster Hausse am Wanter.

Wichtegst Ännerung ass, datt d’Flicht fir e Mask un ze hunn quasi iwwerall ewechfält, sou och op der Schaff an an de Schoulen.

Wann allerdéngs den Organisateur vun engem Evenement u méi strikte Mesuren, dorënner och de CovidCheck, wëll festhalen, sou ass him dat fräi gestallt, sou d’LSAP-Ministesch Paulette Lenert en Dënschdeg an der Chamber-Santéskommissioun.

D’Maskeflicht gëllt iwwerdeem nach weider an den ëffentlechen Transportmëttelen. Den 3G-Regime gëtt an CIPA’en an a Spideeler fir d’Leit, déi do schaffen, d’Prestatairen, an d’Visiteure bäibehalen. Och fir de Prisong an de Centre de Retention gëllt e spezielle Regime.

Am Sport- a Fräizäitberäich grad wéi och a Supermarchéë ginn d’Restriktiounen duerch Recommandatiounen ersat.

Fir positiv getest Leit gëllt weiderhin d’Isolatioun. Dës ka mat engem zweeten negative Schnelltest bannent 24 Stonnen nees opgehuewe ginn.

D’Regierung hält iwwerdeem weider dru fest, datt et zu enger spezifescher Impfflicht soll kommen, wann dann d’Experten dat och sou gesinn.

Wéini an der Plenière iwwert dat neit Covid-Gesetz ofgestëmmt gëtt, ass nach net kloer. Am beschte Fall kéint dat nach Enn der Woch sinn. Déi nei gesetzlech Dispositioune solle bis op mannst den 30. Juni gëllen.

Back to Top
CIM LOGO