Duechtergesellschaft vu RotarexNeie Kollektivvertrag fir 80 Salariéeë bei Ludec

RTL Lëtzebuerg
Bei der Firma Ludec gouf fir 80 Salariéen en neie Kollektivvertrag ënnerschriwwen, esou den OGBL.

Ludec, eng Duechtergesellschaft vu Rotarex, ass eng Dréierei zu Holzem a fabrizéiert kleng metalle Stécker.

Fir 100 Joer Rotarex ze feieren, gëtt et eng eemoleg Primm fir d’Salariéeë vu Ludec, déi bis 1.000 Euro ka goen. D’Primme fir Leeschtung ginn och an d’Luucht gesat an et gëtt ënnert anerem zwee Deeg Congé méi pro Joer.

2009 ware bei Ludec 29 Leit entlooss ginn. Zanterhier schaffen awer nees méi Leit do.

Back to Top
CIM LOGO