
D'Primärschoul bleift op deem selwechte Site wéi elo, dat heescht hannert der Gemeng an nieft der neier Maison relais.
De Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe explizéiert, wat alles op deem neie Campus virgesinn ass: "20 Klassesäll, 6 Salles d'appui, 6 ateliers thématiques, e Konferenzsall, e Reuniounssall, eng Sportshal vu 44 op 22 Meter, eng Schwämm vu 25 op 12,5 Meter, en ënnerierdesche Parking mat méi wéi 30 Plazen an e Lokal fir d'Oeuvres Paroissales."
No dësem Schouljoer géif d'Gemeng gär ufänken, déi al Schoul ofzerappen, seet de Michel Malherbe. Den DP-Politiker präziséiert awer, datt keng Container musse gebaut ginn, mä datt déi 10 Klassesäll delokaliséiert ginn. Et komme Klassesäll op de Krounebierg an awer och an d'Rue des Près.
Wann alles klappt, sollen d'Bauaarbechten dat anert Joer ufänken.
"Et muss ee wëssen, dat ass en Challenge, well mir gi relativ déif an de Buedem eran, 6 bis 7 Meter, well mer jo eng Schwämm bauen an eng Sportshal. Mir kréien heiansdo virgeheit, datt dat erëm am Zentrum ass, mä vu datt mer eng Maison relais hu fir 400 Kanner, eng Spillschoul ënnert der Méchelsplaz, déi kënnen alleguer dono zu Fouss an d'Schwämm oder an de Sportkomplex goen. Dofir hu mer och decidéiert, deen neie Site op déi Plaz ze bauen."
Wann d'Aarbechte fir deen neie Schoulkomplex zu Miersch bis am Gaang sinn, soll alles a 4 Joer fäerdeg sinn.