
Nei am Conseil d'Administratioun vun der Bank ass d'Affekotin Marie-Paule Gillen.
Net méi an dësem Decisiounsgremium vertruede sinn de fréiere Generaldirekter vun der Chambre des Métiers Paul Ensch, den Nach-President vun der Chambre des Salariés Jean-Claude Reding an de Personalvertrieder Steve Melan.
7 Administrateure goufe vum Regierungsrot nominéiert, domat bleiwen nach zwou fräi Plazen: dëst ass eemol eng Plaz fir e Vertrieder vum Spuerkeess-Personal an dann eng weider Kandidatin, wou den Dossier awer nach um Niveau vun der EZB zu Frankfurt muss instruéiert ginn.
D'Presidence vum Spuerkeess-Verwaltungsrot huet de Camille Fohl, Vize-Presidentin bleift d'Elisabeth Mannes-Kieffer; aner nominéiert Membere sinn de Georges Dennewald als Vertrieder vum Personal, den Nima Ahmadzadeh, de Manuel Nicolas an de Jean-Pierre Zigrand.
D'Spuerkeess gouf 1856 gegrënnt an zielt eng 1.800 Employéen. D'Kapital chiffréiert sech op eng 174 Milliounen Euro.