Kleng Gruppenraim, Therapieflächen, Schoulzonen a Réckzuchsraim: d’Struktur ass prett. Wat nach feelt, sinn d’Patienten. Fir d’Responsabel ass dat awer just eng Fro vun e puer Deeg. Bis elo hu vill Famillen aus dem Éislek laang Weeër missen op sech huelen, fir eng spezialiséiert Behandlung ze kréien – meeschtens bis op de Kierchbierg.
“Mir hu global am ganze Land Problemer fir Kanner a Jugendlecher an der Santé Mentale versuergt ze kréien,” esou de medezineschen Direkter vum Centre Hospitalier du Nord, Dr Jean-Marc Cloos. “Am Norden ass et nach e bësse méi schlëmm gewiescht. Mir, also de Service National vun der Psychiatrie Juvenile, zesumme mam Centre Hosptialier du Nord, hunn eng Struktur elo opgemaach well et virdrun näischt hei gouf. Et gëtt eng am Süden, eng am Zentrum an elo och eng am Norden.”
D’Konzept vum Hôpital de jour ass einfach: d’Jonker komme moies an d’Struktur a ginn owes nees heem. Sou bleiwe si an hirem gewinnten Ëmfeld, an de Kontakt mat Famill a Schoulkolleege geet net verluer.
Bis zu 15 Jonker tëscht 13 an 18 Joer kënnen hei gläichzäiteg betreit ginn. D’Dagesklinik ass als Tëschestuf geduecht – tëscht klassescher ambulanter Therapie an enger stationärer Hospitalisatioun. Fir vill Experten ass et e wichtege Schrëtt, well d’Zuel u psychesche Problemer bei Jonken an de leschte Joren däitlech geklommen ass.

Tëscht 2022 an 2024 sinn d’stationär Hospitalisatioune bei Jonken tëscht 0 a 17 Joer am Beräich Santé mentale zu Lëtzebuerg ëm 36 Prozent an d’Luucht gaangen.
De Jugendpsychiater Dr. Gerhard Ristow, deen Deelzäit an der Struktur zu Wolz wäert schaffen, observéiert eng Verännerung bei de Problemer, mat deene Jonker sech mellen: “Was angestiegen ist […] sind Störungsbilder wie Depression, Angststörung, somatoforme Störung […] aber auch das Thema Schulvermeidung ist mehr in den Fokus geraten.”
Déi klassesch schwéier Krankheetsbiller – wéi schizophreen Episoden – wieren net onbedéngt méi heefeg ginn. Mee Angschtstéierungen, Depressiounen oder psychosomatesch Problemer géifen ëmmer méi dacks diagnostizéiert ginn.
Gläichzäiteg ass d’Populatioun vu Lëtzebuerg an de leschte Jore staark gewuess. Dat féiert automatesch zu méi Fäll an domat och zu méi Drock op déi bestoend Strukturen, esou de Spezialist deen och d’Kanner- a Jugendpsychiatrie um Kierchbierg leet.
D’Dagesstruktur zu Wolz setzt op eng breet Betreiung. Psychiateren, Psychologen, Educateuren, spezialiséiert Infirmieren, mee och Sport-, Musek- oder Ergotherapeute schaffen zesummen. De Programm ass strukturéiert: e gemeinsaamt Moiesiessen, individuell a Gruppentherapien, sportlech Aktivitéiten an eng intern Schoulstruktur, fir de Kontakt mam Léierprozess ze behalen. D’Zil ass net nëmmen d’Stabiliséierung, mee och d’Réintegratioun an den normale Liewensalldag.
Fir d’Santésministesch Martine Deprez ass de Projet zu Wolz en Element vun enger méi grousser Strategie ronderëm mental Gesondheet: “D’Mental Gesondheet ass extreem wichteg. Wann et mir net gutt geet, leid och de Kierper drënner – an ëmgedréint. Dat heiten ass ee Schrëtt an déi richteg Richtung.”
D’Regierung wëllt d’Offer regional ausbauen an d’Waardezäite reduzéieren. D’Struktur zu Wolz ass dobäi eng éischt Äntwert op de Besoin am Norden. Experten ënnersträichen awer, datt och an anere Regiounen – wéi am Osten oder Westen – an Zukunft änlech Dagesstrukturen néideg wieren.
Och wann d’Gebai nach roueg ass, ass d’Erwaardung grouss. Fir vill Famillen am Norde bedeit den Hôpital de jour eng nei Perspektiv: manner laang Trajeten, méi séier Hëllef an eng Betreiung, déi sech un den Alldag vun de Jonken upasst. Den 2. Mäerz sollen déi éischt Patienten empfaange ginn.