Schlecht Wieder op BuergsonndegWat geschitt, wann d'Buerg net brennt?

Christophe Hochard
Och wann op Buergsonndeg de Wanter verbrannt gëtt, spillt d'Wieder deen Dag net ëmmer forcement mat. Esou och dëse Sonndeg, wou verschidde Veräiner Krämpes haten, hir Buerg unzefänken.

Wéinst dem miserabele Wieder um Sonndeg war et net ëmmer evident d’Buerg un d’Brennen ze kréien. Dës Erfarung hu se missen zu Lampech maachen. Fir d’Buerg vun de “Lampecher Fliichteschësser” a Flame stoen ze gesinn, huet ee misse Gedold matbréngen. Um 19 Auer war de Fakelzuch a Richtung Buerg ënnerwee. Wéinst dem ville Ree war d’Holz awer zolidd naass ginn. Dowéinst huet et méi laang gedauert, bis se zu Lampech de Wanter verbrenne konnten. Wéi d’Loft du bis ënnert d’Holz koum, ass et séier gaangen.

Prinzipiell ass et jo net erlaabt am Fräien eppes ze verbrennen. Wéinst der Traditioun vum Buergbrenne gëtt op deem Weekend e A zougedréckt.

Och beim Buergbrennen dierf een nach laang net alles verbrennen
D’Lieke Mevis vun natur&ëmwelt rappelléiert nach emol, datt Sperrmüll wéi och Pneuen net dierfe verbrannt ginn.

Kéint eng Buerg um geplangten Dag net wei virgesinn ofgebrannt ginn, misst ee sech u verschidde Consignen halen. D’Buerg misst da fachmännesch demontéiert ginn. D’Holz kéint fir d’Joer drop op enger Plaz stockéiert ginn. Aner Materialie missten an engem Recyclingspark oder der Superdreckskescht ofgi ginn. Den Organisateur vum Buergbrennen dréit d’Responsabilitéit.

Gëtt eng Buerg net gebrannt, muss se fachmännesch demontéiert ginn
D’Lieke Mevis vun natur&ëmwelt erkläert, wat wichteg ass, wann eng Buerg net wéi geplangt gebrannt gëtt.


Kuckt hei nach emol d’Fotoe vu Buergbrennen 2026:

Back to Top
CIM LOGO