
Kuerz no 13.20 Auer war dem 112 e Camion an der Z.A.E. Wolser B zu Beetebuerg gemellt ginn, dee gebrannt huet. D’Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng waren op der Plaz, fir d’Feier ze läschen. Och d’Ambulanciere vu Beetebuerg waren op der Plaz, et blouf awer beim Materialschued.
E weideren Asaz fir d’Rettungsdéngschter vun Diddeleng a Beetebuerg gouf et iwwer deem géint 16.16 Auer op der A3 op der Héicht Diddeleng, wéi zwee Autoen anenee gerannt waren. Hei gouf eng Persoun blesséiert.
Just e puer Minutte méi spéit waren zwee Autoen zu Réimech an der Route du Vin net laanschtenee komm. Och hei gouf et ee Blesséierten. Am Asaz waren d’Rettungsekippe vu Réimech.