
D’Politiker waren do, fir sech d’Konditiounen unzekucken, an deenen d’Demandeurs fir international Protektioun liewen. D’Deputéiert waren zu Miersch, zu Käerjeng an zu Zolwer. D’Bewunner vun de Strukture bekloen an oppene Bréiwer, datt d’Liewenskonditioune ganz schlecht sinn: Infrastruktur, déi knaschteg an erofkomm ass. Ze wéineg Iessen, an dat vu schlechter Qualitéit.
De Serge Kollwelter, deen am Kontakt mat de Flüchtlingen ass, kritiséiert an deem Kontext, datt d’ITM an Zukunft d’Responsabilitéit fir d’Kontrolle vun de Flüchtlingsheemer soll ewechgeholl kréien. Dat, well se aus der Lëscht vun den Etablissments classés eraus geholl ginn, déi duerch d’ITM kontrolléiert ginn. “An domadder huet dann den Office national d’Acceuil [Ona] de Privileeg, sech selwer ze iwwerwaachen. Et wär, wéi wann eng Firma wéi Monsanto net méi géif de Bedéngunge vun dem Établissement classés entspriechen, mee si wär nach just selwer zoustänneg, fir ze iwwerwaachen, ob d’Konditiounen hirer Meenung no gutt wären”, erkläert de Serge Kollwelter.
Zu Zolwer, op der leschter Statioun vun der Visite, wunnen ënnert anerem 30 eritreeësch Fraen an engem Dortoir. D’Marianne Donven, déi sech zanter Jore fir Flüchtlingen asetzt, ass mat de Fraen a Kontakt. Si hunn hir Videoe vun den Zoustänn an der Struktur geschéckt. Déi weisen, wéi si seet: “datt dat Zëmmer ganz verschimmelt ass. A si leien do a Better iwwerteneen. Wat fir si och kulturell ganz schwéier ze akzeptéieren ass. Si hunn am Fong guer keng Privatsphär, liewen do op enkstem Raum. Si fanne sech och als Eritreeër diskriminéiert par Rapport zu all deenen anere Refugiéen. Well esou gëtt mat deenen aneren net verfuer. Dat fanne si am Fong erschreckend, firwat nëmme si esou behandelt ginn.”
D’Frae sollten aus dem Zëmmer eraus, ier d’Deputéiert op Besuch komm sinn. Mee d’Marianne Donven seet: “Si hu sech awer do gewiert. Si bleiwen elo bis emol de Mëtten an deem Zëmmer dran. Well si géifen hinnen dat och gäre weisen.”
Ma wou et dono genee higeet, wësse si nach net. An eng Sportshal oder a Gemeinschaftsraim. D’Situatioun wier ganz schwéier, hunn d’Fraen op der Plaz erzielt. Si fäerten dono a Raim ze sinn, wou keng Fënstere sinn, respektiv, déi mat Spärholz zou gemaach sinn. Si hunn den Deputéierten hiren Dortoir gewisen, mee duerfte wärend der Visitt net all mat hinne schwätzen, wéi se dono erzielt hunn. Ma, well an deene leschten Deeg immens Efforte gemaach goufen, fir ze botzen, sot eng vun hinnen, et wier gutt wann, d’Deputéierte méi oft géinge kommen.