Retail ReportD'Verkafsfläch ass am Total gewuess, pro Awunner ass se awer zeréckgaangen

Pit Everling
An der Alimentatioun goufen zënter 2019 110 nei Butteker opgemaach.
De Lex Delles huet e Méindeg de Moien de Retail Report presentéiert.
© Andreas Nebeling / RTL

D’Verkafsfläch ass am Total gewuess, pro Awunner ass se awer zeréck gaangen. Ënner anerem dat ass am neie “Retail Report” ze liesen. De véierte Rapport vum Detail-Commerce gouf e Méindeg de Moie vum Ekonomiesministère, dem Observatoire vun de Kleng- a Mëttelbetriber, der Luxembourg Confederatioun an der Chambre de Commerce presentéiert.

© Andreas Nebeling / RTL

Opfälleg ass nach, datt et grouss Ënnerscheeder jee no Secteur gëtt. An der Alimentatioun zum Beispill goufen zënter 2019 110 nei Butteker opgemaach. Eng ëmgedréint Evolutioun gouf et am Moude-Beräich. Hei sinn am selwechten Zäitraum 12% vun de Geschäfter verluer gaangen, sou de Retail Report. Beim Leerstand am Zentrum vun den Uertschafte gëtt et gutt Nouvellen. Do stabiliséieren d’Zuele sech, respektiv se gi liicht erof.

Back to Top
CIM LOGO