Zanter dem Ufank vum Joer ass am Crematoire zu Hamm en neien Uewen a Betrib: E Freideg am Nomëtte war déi offiziell Aweiung dovun.
A knapp 25 Joer koum et zu Hamm zu 52.000 Anäscherungen; de Moment sinn et der 2.500 d'Joer.
Deen neien Uewe vum Krematorium ass iwwregens net nëmme méi performant, wat d'Kapassitéiten ugeet; och d'Gewiichtslimitt vu Leit, déi ageäschert ginn, konnt een domat eropsetzen.
Deen alen Uewen konnt maximal 150 Kilo verbrennen, deen neie bis zu 350.
An der Moyenne dauert eng Verbrennung 90 Minutten.