
Dat war dësen Dënschdeg dann och am Palais de Fall. Wéi all Joers am Januar invitéieren de Grand-Duc an d’Grand-Duchesse nämlech nieft all den Deputéierten och d’Regierung an de Premier-Minister an de Palais, fir hei déi beschte Wënsch fir dat neit Joer z’iwwermëttelen. Déi Meescht hunn dës Traditioun schonns matgemaach, ma fir e puer Ministerinnen a Minister war et dann eng Premiere. A mat deene Gléckwënsch steet dann elo jo näischt méi am Wee fir 2019, fir mat voller Energie d’Aarbecht unzegoen.