
Dat mat 54 Jo-Stëmmen a sechs Enthalungen vun ADR, déi Lénk an dem onofhängegen Deputéierte Roy Reding.
Hannergrond ass d’Geschicht vun engem Mann, deen am Kader vun engem Virstellungsgespréich bei der Justiz am Joer 2018 mat enger eegener Vitess-Infraktioun konfrontéiert gi war, déi Jore virdrun zu Stroossbuerg geschitt war.
Am ëffentlechen Debat, dee virop vun den CSV-Deputéierte Gilles Roth a Laurent Mosar virugedriwwe gi war, gouf d’Fro opgeworf, ob et bei der Justiz nach eppes ewéi e “Casier-bis” gëtt, mat méiglecherweis Informatiounen iwwer méi kleng Delikter. Duerch hiren Engagement an dee vun enger Partie aneren Deputéierte gouf dru geschafft, de Jucha-Fichier mam Dateschutzgesetz an Aklang ze bréngen.
Dat neit Gesetz präziséiert, dass perséinlech Donnéeën den internationalen Normen no musse protegéiert ginn. Nawell soll et dem Justizapparat erméiglechen, effikass ze fonctionéieren. Et wär e Kompromëss, esou den Tenor an der Chamber e Mëttwoch de Moien.
De Gesetzprojet präziséiert d’Finalitéiten, déi et der Justiz erlaben, Donnéeën ze sammelen. Et gëtt festgehalen, wéi a wéi laang se gespäichert däerfe ginn. Zwee Joer bei klenge Strofdoten, 5 bei Delikter an 10 bei engem Crime. Bei engem Fräisproch ass den Accès op den Dossier nach sechs Méint duerno méiglech.
Präziséiert gouf och, wien Accès dorop huet. De Procureur général d’etat ass responsabel. All Accès muss motivéiert ginn. Et ka fënnef Joer retracéiert ginn, wien Asiicht an en Dossier hat.
Der CSV no hätt den Text nach misse méi präzis doranner sinn, wéi eng Daten an de Jucha kommen. D’Oppositiounspartei huet d’Gesetz nawell matgestëmmt. D’Piraten hunn den Text och votéiert, mä si bedaueren, dass eng extern Informatikentreprise de d’Jucha-Applikatioun installéiert an och den Entretien dovu géif maachen.