
Et war warscheinlech de leschte Vott vun engem Gesetz an dëser Legislaturperiod, well d’Parlament vun e Samschdeg un an der Summervakanz ass an am Fong keng Sëtzung virun den Nationalwalen den 8. Oktober geplangt ass. Ma virum Congé gouf awer nach eng Kéier e bëssi méi kontrovers diskutéiert.
Déi Gréng géinge sech an dësem Dossier just beweegen, wa se gedréckt ginn, esou d’CSV-Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen. Si huet un d’Affär Gaardenhaischen an den Arrêt vum Verwaltungsgeriicht, deem no dat alt Gesetz net mat der Verfassung kompatibel war, erënnert. A béide Fäll war jo den Ëmgank vum Ëmweltministère mat Gebaier an der Gréngzon kritiséiert ginn. D’Oppositiounspolitikerin huet och den Timing beim Ausschaffe vum Gesetz bemängelt. Vill Ännerungen, déi elo duerchgefouert ginn, beispillsweis d’Ofschafe vum sougenannte Gaardenhaischenartikel, hätt d’CSV scho laang gefuerdert. Ma et hätt wuel gutt Grënn ginn, datt dat net scho virdru gemaach gouf.
“Dat ass den Artikel, dee beseet, wann eppes net richteg an d’Landschaft passt, da kann de Minister u sech verschidde Saache virschreiwen, fir ze änneren. Mir kruten erkläert, datt deen Artikel nach ni ugewannt gi wär, dofir hu mir gesot, da komm mer sträichen en, dat do ass absolutt Willkür. Mir hunn et 2018 gefrot, Nee, mir hunn et 2021 gefrot, Nee. An ech weess och, wann der du Jo gesot hätt, wier en net méi do gewiescht fir dem Här Traversini verschidde Geneemegungen ze ginn.”
Si huet och méi Rechter fir d’Bierger gefuerdert, beispillsweis ee Recours en réformation. Och d’Myriam Cecchetti vun deene Lénken an de Marc Goergen vun de Piraten hu sech der Kritik vun der CSV ugeschloss, datt keng seriö Preparatioun op den Debat méiglech gewiescht wier. Esouguer den DP-Deputéierte Gusty Graas huet gemengt, et wier keng parlamentaresch Meeschterleeschtung gewiescht. D’Ëmweltministesch Joëlle Welfring wollt de Virworf, déi Gréng hätte misse gedréckt ginn, net gëlle loossen. Si huet d’Ziler vum neie Gesetz ënnerstrach.
“Zil vun dësem Projet de loi ass et also, d’Reegele fir d’Bauten an der Gréngzone éischtens ze präziséieren an zweetens ze vereinfachen. Et geet bei dësem Projet ëm eng substanziell Simplification administrative, éischtens fir déi bestoend Konstruktiounen awer och fir déi nei. A gleeft mer, mir maachen dat mat vill Iwwerzeegung.”
Zwee Amendementer vun der CSV goufen ofgeleent. D’Gesetz selwer gouf mat 33 Jo-Stëmme bei 23 Nee-Stëmmen ugeholl. Déi dräi ADR-Deputéiert an hire fréiere Parteimember Roy Reding waren zu deem Moment, wéi och eng Partie CSV-Deputéiert, schonn eng länger Zäit net méi am Plenum present. Zum Schluss huet de Chamberpresident Fernand Etgen dann nach deenen zwee CSV-Deputéierten Aly Kaes a Jean-Marie Halsdorf souwéi dem Nathalie Oberweis vun déi Lénk, déi allen dräi net méi mat an d’Wale ginn, Äddi a Merci gesot. A ganz zum Schluss war et nach d’Invitatioun op e puer Gliesercher Cremant an der Chamber.