De Wandel zu méi NohaltegkeetNeit Offallgesetz stellt Veräiner virun Erausfuerderungen

RTL Lëtzebuerg
Manner Offall op Fester – dat ass d’Zil vum neien Offallgesetz, wat den 1. Januar 2023 a Kraaft getrueden ass.
Neit Offallgesetz stellt Veräiner virun Erausfuerderungen
Manner Offall op Fester – dat ass d’Zil vum neien Offallgesetz, wat den 1. Januar 2023 a Kraaft getrueden ass.

Zanterhier ass all Zort vun Eewee-Plastik-Geschier op ëffentlechen Evenementer verbueden.

Samschden Owend beim Châlet “Haasseler Bësch”. Ëm déi 450 Leit hu sech versammelt, fir dem Spektakel nozekucken: d’Buerg vun de “Weiler Bouwen” gëtt ugefaangen. E Veräin, dee virun dräi Joer vu Jonken aus der Gemeng Weiler zum Tuer gegrënnt ginn ass, fir déi al Traditioun oprecht z’erhalen. D’Duerf zesumme bréngen an de Leit eppes bidden – dofir huele se gär déi wochelaang Preparatiounen a Kaf. Ma an noer Zukunft riskéiert d’Organisatioun wéinst deem neien Offallgesetz méi komplizéiert a méi opwenneg ze ginn. Eewee-Plastik-Artikele wéi Glieser, Telleren oder Besteck sinn zanter dem 1. Januar op ëffentlechen Evenementer verbueden. Nach wäert een awer warscheinlech op méi Fester uechter d’Land Plastik am Asaz gesinn. Och hei ass dat de Fall, erkläert den Eric Wagner vun de “Weiler Bouwen”.

“Mir hunn am Fong just nach Schampesflütten am Plastik an déi kleng Drëppeglieser. Mir hunn eis entscheet, dass mir déi Stocken, déi mir nach haten vun deene leschten Editiounen nach verbrauchen, well et awer net ganz nohalteg wär, dat ewechzegeheien ouni et ze benotzen. An da kucke mer duerno, dass mir Alternative fannen.”

Hie rechent virun allem mat engem logisteschen an eventuell finanziellen Opwand. “Mir mussen eis dann effektiv selwer e Stock uleeën, sief et haarde Plastik oder Glas”, esou den Eric Wagner, “dat ass dann natierlech en eemolege finanziellen Opwand, fir d’Glieser unzeschafen.” Et géing ee kucken, ob ee mat der Gemeng oder mat anere Veräiner kéint zesummeschaffen.

Bei den “Nouspelter Buergbrenner” verzicht ee scho méi laang op Plastik. D’Gedrénks gëtt a Glieser zerwéiert, déi sur place op der Hand gespullt ginn. D’Gegrills kritt ee – wéi och bei de “Weiler Bouwen” – am Bréitchen. Just d’Zopp gëtt a klenge Schosselen aus Zockerrouer zerwéiert. Ma och dat gëtt iergendwann verbueden, méi genee 2025, wann all Zort vun Eewee-Geschier vu Veranstaltunge verschwanne soll. Deemno wéi misst een dann op Porzeläin ëmklammen, a vun der Gemeng e Spullweenchen ausléinen, esou de Kevin Gebelé vun den “Nouspelter Buergbrenner”.

“Dat kann eng Optioun sinn, mä et brauch ee rëm 3 bis 4 Leit méi, déi d’Spull maachen, déi d’Glieser a Schosselen hin an hir droen. Da muss ee kucken, mat deenen anere Veräiner, déi och e Buergbrennen de selwechten Dag maachen, brauchen déi e vläicht och an et gëtt awer just een? Et muss ee kucken, ob dat méiglech ass oder net, dofir hu mir eis dëst Joer entscheet, mol nach ouni Spullweenchen ze fueren.”

De Kevin Gebelé kéint sech virstellen, dass deen een oder anere klenge Veräin wéinst deene méi strengen Oploen opgëtt. D’Nouspelter Buergbrenner awer kréichen d’Changementer nach gestäipt. Trotzdeem hofft hien, dass d’Gemeng fir zukünfteg Evenementer e Konzept ausschafft.

Wat d’Ëmsetzung vun den neie Reegelen ugeet, stinn och bei de “Weiler Bouwen” eng Rei Froen am Raum. Wéi zerwéiert een an Zukunft zum Beispill d’Gromperekichelcher, déi een den Ament op enger Kartonsbarquette kritt? Oder léisst ee se da ganz ewech vun der Kaart? “Dat wier natierlech dat, wat mir als Lescht wëlle maachen, mä wa mir keng Alternativ hunn, musse mir et warscheinlech esou maachen”, erkläert den Eric Wagner.

Och wann de Wee dohin nach net ganz kloer ass, sou ass d’Zil fir all d’Organisateuren dat selwecht: méi Nohaltegkeet, manner Offall.

Méi Infoen iwwer Alternativen zum Eewee-Plastik fënnt een um Site vum Environnement oder vu Greenevents.lu.

LINK: Verschidden Impressioune vun de verschiddenste Buergbrennen hei am Land

Back to Top
CIM LOGO