HandwierkerfederatiounNet-Aarbecht soll an all Secteur zu 80 Prozent indemniséiert ginn

Serge Pauly
D'Kris ass bei Wäitem nach net eriwwer, och net fir déi 8.000 Handwierksbetriber. Sou de Message op der Pressekonferenz vun der Handwierkerfederatioun.
Impakt vun der Pandemie op d'Handwierksbetriber
D'Kris ass bei wäitem nach net eriwwer, och net fir déi 8.000 Handwierksbetriber.

Och wann Outilen, wéi de Chômage partiel gutt funktionéiert hätten, hunn d'Vertrieder vum Handwierk vill Detailer vun de staatlechen Hëllefe kritiséiert. A si hunn dorun erënnert, dass d'Covid-Restriktiounen Auswierkungen op bal all d'Handwierksbetriber hätt, och wann een déi net ëmmer op den éischte Bléck gesi géif.

Net-Aarbecht mat 80% indemniséieren / Reportage Dany Rasqué

"De Virus huet ouni Diskriminatioun dat ekonomescht Liewe gestoppt, firwat gëtt et dann eng Diskriminatioun beim Ersatzgehalt?", déi Fro huet d'Handwierkerfederatioun op der Rentréespressekonferenz opgeworf. Hire Generalsekretär Romain Schmit seet, hie géif net verstoen, firwat déi eng näischt kréien, déi aner 80 Prozent an nach anerer - nämlech Leit, déi beim Staat oder der Gemeng schaffen - 100 Prozent.

Am Sënn vu méi Gerechtegkeet huet d'Handwierkerfederatioun dofir dës Revendicatioun:

"Mir froen dofir generell, dass Net-Aarbecht iwwerall, an all Secteur, an all Aktivitéit nëmmen nach zu 80 Prozent soll indemniséiert ginn. Egal ob Chômage partiel, Dispens, Krankegeld, Congé parental, Congé pour raisons familiales. Ëmmer iwwerall 80 Prozent. Eng einfach, pragmatesch a gerecht Léisung. Et wier en éischte Schratt a Richtung vun engem "Statut unique", unique op deen op d'mannst d'Handwierk hei am Land zënter 2007 waart."

Souwäit also d'Fuerderung vun der Féderation des artisans an do dierf ee gespaant sinn op d'Reaktioun vun de Gewerkschaften.

Back to Top
CIM LOGO